Diskussioun:Abtei Almënster

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Am Artikel Pafendall steet et wier elo en Altersheim dran. Stëmmt dat nach ëmmer? Les Meloures 15:44, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Am Tuerm (soss si mär keng Iwwerreschter bekannt, mee dat wëll u sech näischt heeschen)? Un den Tuerm ass elo eppes drun ugebaut, ech hunn awer net gekuckt op dat Gebai Accès zum Tuerm huet. Wéi e Gebai dat ass hunn ech och net gekuckt. Méi wäit drënner um Plateau schéngt eng Schoul ze sinn. --Otets 16:38, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech hunn emol den Historik nogekuckt fir ze wësse wou déi Informatioun hierkoum. Déi Info koum vun enger IP a war net kontrolléiert ginn, eise Grousskontroller vun deemols, muss krank gewiescht sinn, a soss war dee Kaabes och kengem opgefall. Ech sinn elo bei der Sich no vergiessene Linke fir Almënster dropgestouss. Dat ganzt ass natierlech Kaabes. Dat Gebai vun deem geschwat gëtt war de fréieren Zivilhospiz deen effektiv och e Klouschter virdru war. Awer do ware Klarissinnen dran, déi virdrun hiert Klouschter um Hellege Geescht haten. An éier et en Hospiz gouf war de Godchaux mat senger Fabréck dran. Am Artikel kéint ee Plateau Altmünster stoe loossen, dat ass esou ze fannen well d'Strooss heescht och esou, an ass och esou op de Stadpläng agezeechent. Les Meloures 17:55, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Wann ech op de Link Geschicht vun der Abtei klicken kommen ech bei d'Abtei Neimünster. Funktionnéiert mäi Klick net richteg? Les Meloures 16:08, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Däi Klick funktionnéiert scho richteg. An deem Text dra verstoppt geet et nieft der Abtei Neimënster och ëm d'Abtei Almënster. Leider kann ech net genee op déi richteg Plaz am Text verlinken (15. Ofsaz ff.). Den Zinneke huet gemengt, ech sollt meng Source uginn. Vläit sollt een et net als Link mee als Referenz uginn, wann s de mengs datt keen normale Benotzer mam Link eens gëtt. --Otets 16:38, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Jo et wier vläicht besser als Referenz. Den Auteur schreift grad ewéi de Rahlenbeck, deem seng Texter muss een och 5 mol liesen fir sech d'Chronologie selwer kënnen opzebauen. Les Meloures 17:55, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech wollt dat elo als Referenz ëmsetzen, mee reng praktesch gëtt et schwéier well de Gros vum Artikel ënnert déi selwecht Referenz fale géif. Bis datt eis eng besser afält (am Quelltext ass wierklech keen Anker verstoppt) hunn ech den Alinea präziséiert a wënschen de Lieser vill Spaass beim sech verzielen. ;-) --Otets 23:00, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]