Diskussioun:Albert C. Ritchie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi schwaaz-wäiss Foto war vläicht net grad dat Gielt vum Ee, mee dat pseudofaarwegt verblatzte Krätzbild ass näischt fir mueres eniichter ze kucken. Si mer lo bei den 263 mol 380 Pixele gelant? --Cornischong 16:29, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Et ass manner d'Qualitéit déi mech iwwerzeegt, mee éischter de Fait datt ech den US-Eenheetsbräi dee mer imposéiert kruten op d'mannst net ouni Geméis aus dem eegene Goart wëll schlécken. --Otets 16:56, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ech vertinn déi Äntwert net. Ass mam Eenheetsbräi d'Commons Gallerie gemengt? A wat ass mam eegenen Geméis an dësem Fall gemengt? Op alle Fall ass an de Commons och Qualitéit ze fannen, mär mussen awer net deenen hire Krätz hei verzapen. Kuck emol mäi Kommentar iwwer d'Mona Lisa an deeës méi. Et gëtt hei geleeëntlech egal wat importéiert. Vläicht, well et sou einfach geet; ee Klick .... a schonns hänkt de Schäiss un der Mauer. --Cornischong 17:12, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]