Diskussioun:Aline de Saint-Hubert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Daat klëngt jo alles rëm wi am Himmelräich!

Meng Fro: Kéint ee bei der Damm net mol en Abschnitt uléen iwert hire sale caractère? (si huet z.B. systematësch all aaner Fraën gemobbt a war a Wirklechkeet, entgéint deem, waat den Aline Mayrisch Fan Meder behaapt, nu guer keng Feministin! Si huet jo och net geschafft fir eegent Geld en plus!). Hirt Liewen huet se a Wirklechkeet tëschent Arroganz, Depressioun an salecaractère gefouert. Deen Abschnitt gëng dann heeschen: Psychologie vun der Aline Mayrisch (si war z.B. stark oofhängeg vun engem gewëssen pädophilen Här Gide, deen an dëser Hinsicht hei am Land gudd bekannt war a blouf!). Och hiren Geldeinbringer Emile, deen souuuuuuu villll fir d'Arbechter gemaach soll hun ?(op hirem Bockel Tonne Geld agesäckelt warscheinlech) haat ganz luguber sexuell Gewunnechten. Daat Zesummespill tëschent all deene berühmten Perversen hei am Land an am Süden wir och interessant, mol ze beliichten!).

Dest ass zwar alles vun Insider gewosst, get awer vun ganz bestëmmten Leit hei am Land net ënnert d'Vollek bruecht, mer gin alt neess fir domm verkaaf! (vun der IP 194.154.200.108)

Fir net "fir domm verkaf" ze ginn, geet et net duer, hannerwands (op der Diskussiounssäit) mat Rumeueren ("Insider wëssen...") ze insinuéieren, mee dat am Artikel - mat Quelle beluecht - ze schreiwen. Et hällt keen Iech zeréck dat ze maachen, intressant ass et allemol.
--Zinneke 09:02, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
" Kéint ee bei der Damm net mol en Abschnitt uléen iwer ....": - Dach, dat kann een. Dat kann een, deen d'Informatiounen huet. Ech hu se leider net, well ech leider (!) keng Geleeënheet hunn, fir de Bréifverkéier duerchzeschaffen, deen déi Fra hannerlooss huet. Datt déi Fra als "helleg Kou" gehandelt gëtt, kritt ee séier mat, wann ee bis e puer Froe stellt. Wat de Gide opgefouert huet, steet och net an de Micky Maus-Biographien. Et geet allerdéngs net duer, hei mat Undeitungen ze schaffen. Wat beluecht ka ginn gehéiert hei dran!! Mäi Virschlag, léif IP: Schreif hei ALLES dran, awer natierlech mat de Quellen. Biographien iwwerhaapt hunn eng topeg Tendenz fir entweder als Hagiographie mat Fändelen an Trompetten verbreet ze ginn oder als Haassrevancheaktionismus. Dertëscht ass leider net vill Plaz. Den Zirkus an der de-Wikipedia iwwer den Churchill ass e schecklecht Beispill vun iwwerspaante Stëmmungen. Also nach eng Kéier, wanns de d'Méiglechkeeten hues, da notz se roueg aus. Wourops mer hei natierlech Wäert leeën, si Quellen, well ouni dat hält näischt dem éischte Wandstouss duer. Merci am Viraus. --Cornischong 09:47, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ah okay ech verstinn. Ma, daat schéint mer interessant, ech maache mech da mol a menger Fräizäit un d'Aarbecht a bauen eppes zesummen. Daat kann awer e bëssi laang daueren, well ech wëll daat jo dann alles nosichen an de Bicher an sou. Vléit kann een daat jo och ganz behuutsaam matt eegene Wierder vum Aline hellëg ganz subtil beléeen, well aus hirer eegener "Subtilitéit" geet munchmol méi Kloëres eraus, wéi wann een matt enger Wierderkanoun lo ufänkt op si ze schéissen, oder Jongen, hun ech Recht?

Soll ech mech da lo "Knaddermuert" nennen, jo oder nee? (vun der IP 194.154.200.108)

Wann s De hei schreifs, wier et flott, Der e Pseudonym (uewe bei "Umellen" klicken) zouzeleeën, dat mécht et och méi einfach, Dech unzespriechen. Wéi ee Pseudonym, ass Der natierlech fräigestallt ;-).
Zum Inhalt: Jiddereen, dee méi Informatiounen huet wéi dat wat hei steet, däerf dës abauen; se musse just de Grondprinzpie vun der Wikipedia entsprechen, d.h. net poleemesch an zevill anekdotesch, mee iwwerpréifbar, kuerz "enzyklopedesch" sinn. Datt et iwwer d'Mme Mayrisch - wéi iwwer vill aner Biographien hei- méi ze soe géif, wéi dat, wat hei steet, ass nëmmen normal: D'Artiekel schreiwen sech net vum selwen, a vill stinn der do nom Prinzip "Léiwer en hongregen Ufank wéi guer näischt". An deem Sënn: Op eng gutt Zesummenaarbecht!
--Zinneke 14:52, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
PS: Iwwert den André Gide gëtt et och bis ewell nach keen Artikel...