Diskussioun:Anden-Kondor

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn déi Foto vum Anden-Kondor geläscht well ech ës sat hunn, datt Fotoen hei sollen als Timber an eng Këscht verfracht ginn. Bei engem Vull, deen am Verglach mat senger Kierpergréisst e ganz klenge Kapp huet, ass et dach komplett niewendrun, e Bild esou klneg ze maachen, datt de Kapp net méi z'erkennen ass. Wat soll dee ganze Blödsinn? --Cornischong 04:20, 6 Juni 2007 (UTC)--Cornischong 20:45, 5 Juni 2007 (UTC)

Gräifvullen vs. Stelzevullen[Quelltext änneren]

Firwat leeft den Anden-Kondor bei eis ënner Stelzevullen? An der de-Wiki tierkele se hin an hier, wat dat Thema ubelaangt. Zitat aus dem Artikel "Greifvögel" : "Früher wurden auch die Neuweltgeier (Aegypiinae) zu den Greifvögeln gezählt, z. Zt. werden diese aber meist den Schreitvögeln zugeordnet." Wat soll dat "z.Z." a wat soll "meist"? Ech wier nawell intresséiert, mol déi eng oder déi aner bibliographesch Donnéeën dozou ze fannen amplaz sou komesch Sazdréiungen missen ze gleewen. " Nach neuesten Erkenntnissen zählen sie aber zur Ordnung der Schreitvögel (Ciconiiformes). " Dat ass jo alles schéin a gutt, mee wann een net amstand ass, Quellen unzeginn, da kann et net wäit hier si mat deene Behaaptungen. Op der de-Diskussiounssäit schreift de "Gan" :"Folgendes dazu: Aufgrund verschiedener Merkmale (ich nenne sie im Artikel) wurde der Andenkondor in die Ordnung der Schreitvögel versetzt" : Wurde versetzt; a vu wiem dann? A wéini war dat? A wou kann een dat noliesen?
Wann ech op "eiser" Wiki gesinn, wéi dat mat der Déierewelt gaangen ass, da schwëllt mär de Kamp. Do hat een ugefaangen mat de "5 Räicher"; dat gouf da g'ännert a leiegelooss. Lo hu mer mer weder nach, an hei an do fënnt een nach Iwwerreschter vu Saachen, bei deenen der gemengt haten, mer sollen dat anescht maachen. Nodeems dann genuch dra gebastelt gouf, hu mer elo guer keen Zesummnehank an der Déierewelt. Schéin Aussiichten.--Cornischong 05:10, 6 Juni 2007 (UTC)

An der "IUCN Red List of Threatened Species" steet den Anden-Kondor ënner "FALCONIFORMES" ( http://www.iucnredlist.org/search/details.php/40258/all ). --Cornischong 05:39, 6 Juni 2007 (UTC)