Diskussioun:Anthropologie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wees net esou richteg[Quelltext änneren]

Anthropologie ass eng Wëssenschaft, villäicht esouguer e Grupp vun Wëssenschaften, déi schwéier ze définéieren sinn. Dofir sinn ech net ganz iwwerzeegt vun dësem Artikel. Den Haaptproblem läit menger Meenung no doran datt d'Anthropo matt engem Fouss an den Naturwëssenschaften steet a matt dem aneren an den Humanwëssenschaften resp. a béiden ass eng Disziplin entstaan déi legitimerweis Anthropo heescht (et geet em de Mensch) sech awer ganz verschidden Aspekter këmmert: an den Nat-wess ass et eng Art Anatomie comparée an an den Hum-wess eng Art Sozio-Psychologie. Desweideren ass de leschten Saatz mer komplett schleierhaft. Huet een eng Idee wéi en déi Saach kéint ebessi méi systmatesch duerstellen? --Marcus 11:46, 20 Juli 2005 (UTC)

Den Artikel hei schéngt mir just eng Aart Ulaf gewiescht ze sinn an nach kee richtegen Artikel. Leider hunn ech net vill Ahnung vun dësem Thema. Du kanns dech awer roueg doran lancéieren, wéi ech gesinn kenns du dech jo do e bessen besser aus :-) --Alexandra 11:57, 20 Juli 2005 (UTC)

Ech wärt dann emol probéieren waat ech hikréien kann. Erklär mer awer virdrun w.e.g. waat de leschten Saatz heeschen soll datt ech daat eventuell kann mattabauen --Marcus 12:23, 20 Juli 2005 (UTC)

Ech hun elo emol probéiert... Den ominösen leschten Saatz kann e jo spéider explizitéieren oder ewechhuelen. --Marcus 18:43, 20 Juli 2005 (UTC)