Diskussioun:Antoine Meyer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend, et houch haut an den Noriichten um Radio datt muer eng Plack vun der Aktioun Lëtzebuergesch gestëft gëtt (et ass 170 Joer hier, datt dat éischt Buch op Lëtzebuergesch erauskomm ass). Et wier flott, fir den Antoine Meyer op déi viischt Säit ze setzen, well hien elo déi nächsten Deeg vill an der Aktualitéit wäert sinn. --Christian Ries 17:34, 18. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

––––––––––––––––––

1832 huet hien en Doktorat zu Léiwen gemaach

Aneren Ënnerlage no (Académie Royale de Belgique) huet hie säin Doktorat zu Léck gemaach. Deemno wär hien zäitweis Professer am Collège de Louvain gewiesst. Wat ass richteg? --Pepe 11:12, 10. Feb. 2011 (UTC)

Moien, säi Liewen ass ë. a. am Luxemburger Autorenlexikon (de 2007 an fr 2009) resuméiert. Säin Doktorat a Mathematik huet hien 1832 op der Uni zu Léck gemaach. Ech änneren dat am Artikel. --Cayambe 10:33, 10. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]