Diskussioun:Artemis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi Foto vun Ephesos ass immens interessant, awer "ontypesch" fir den Artikel z'illustréieren: Et ass neemlech eng vun de wéinege Statuen, wou d'Artemis mat iwwer enger Dose Brëscht duergestallt ass. Firwat dat esou ass? Zu Ephesos war, ier d'Griichen do Här a Meeschter goufen, eng Kultplaz vun der Kybele (déi eng tierkesch Gëttin aus dem Rayon "Äerd" a "Fruuchtbarkeet" war). Wéi d'Griichen hir Gëtter "importéiert" hunn, gouf d'Kybele einfach an d'Kollektioun iwwerholl a krut de griicheschen Numm Artemis. D'Aart a Weis wéi se duergestallt gouf, ass awer déi al bliwwen. En intressante reliéise "Cross-over"!

An à propos: Just e puer Kilometer vum Artemistemel ewech ass am 2. oder 3. Joerhonnert d'"Haus vum Maria" entdeckt ginn. "Wat eng Kéier fonctionnéiert huet,..." hunn sech der do wuel geduecht.

--Zinneke 13:57, 20 Mäerz 2007 (UTC)