Diskussioun:Arthur Useldinger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech bezweifelen den Datum vum 14. Abrëll 1969. Ech bezéie mech awer elo just op mäi Gedächtnis: Gemengewahlen waren am Hierscht 1969. No deene Wahlen ass keng Koalitioun zu stane komm, well et Koméidi an der sozialistescher Partei gouf, gläich 2 Spëtzekandidaten wollten Buergermeeschter ginn, deen een huet Schreiner geheescht, deen aneren Brebsom. Et koum zuer Spaltung vun der LSAP, eng nei Partei SDP gouf gegrënnt. Duernoer huet missen Ufank 1970 nei gewielt ginn zu Esch, an dun ass den A. Useldinger Buergermeeschter ginn. Et ass gudd méiglech, dass dat den 14. Abrëll 1970 war.

Huet vläicht een méi präzis Ënnerlagen doriwwer?

Moien, a merci fir déi Informatiounen. Den Datum vum 14. Abrëll 1969 ass aus de m Luxemburger Lexikon (wéi am Versiounshistorique nozeliesen). Är Beschreiwung kléngt plausibel, mee, wéi Der sot, et wier derwäert, et nozesichen (wéi och soss zousätzlech Informatiounen iwwer dee Mann). En Tuyau fir Een, deen eng Stënnchen an enger Bibliothéik laangschtgoe kann: Déi Deeg nom Doudesdag (oder awer 5 oder 10 Joer dono) ginn et dacks Noriff an der Press. Do misst dat ze fanne sinn. Oder awer de Compte-rendu vum Escher Gemengerot (éischt Sëtzung no de Walen)? --~~
Ech huelen un datt den Auteur am LuxLex nogekuckt hat, an datt em dunn een Tippfeeler geschitt ass. De LuxLex gëtt 1970 un. --~~
Dann hat ech mech do verflappt (ech hat dat geschriwwen). Gëtt direkt verbessert! Merci nach eng Kéier fir d'Noliesen a -kucken. Sou fonctionnéiert d'Wikipedia! --Zinneke 09:15, 11. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]