Diskussioun:Automotrice AM 96 SNCB

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wéinst de grousse Gummiverkleedungen um Kapp vun der Motrice.

Hu se déi nëmmen op engem Kapp?

Les Meloures 10:13, 18. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Ech weess dass eng Automotrice an eng Motrice dat selwecht ass, mee wëssen all déi, déi op dës Säit kucke ginn, dat och? Am Lemma soe mer "Automotrice", durno geet nëmme méi riets vu "Motricen". Solle mer eis net op ee Begrëff eenegen oder déi zwéi Begrëffer am Text erklären? -- Pecalux 10:38, 18. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Hei ass den typeschen Insiderfall, well einfach ugeholl gëtt, datt jiddereen deen op d'Wiki liese kënnt automatesch Bescheed wees wat gemengt ass.

Wann ech als Net Insider liesen, datt Gummiverkleedungen um Kapp vun der Motrice sinn huelen ech un datt déi Gummiverkleedungen, nëmmen op engem Wutz vum Zuch sinn, well ech denken datt den Zuch aus zwéin Deeler besteet, nämlech enger Motrice an enger Voiture mat enventuell engem Steierpult, déi da keng Gummiverkleedung huet. Ass dat esou? Les Meloures 11:24, 18. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech mengen hei drängt sech fir d'éischt emol eng Definitioun vun enger Motrice (oder Automotrice) op am Verglach mat anere Schinnegefierer wéi Autorail asw.
Ech als Ex-Insider géif mengen, eng Motrice hätt ëmmer 2 Käpp mat Führerstand a een Undriffsystem, dat op méi Achse wierkt. Je no Bauart kann d'Motrice aus 1, 2 oder an dësem Fall aus 3 Deeler bestoen. Dës Motrice huet nach déi Eegenaart dass, wann een der e puer unenee kuppelt, d'Méiglechkeet besteet fir bannenan duerchgehend duerch de ganzen Zuch kënnen ze goen. Dëst ass bei anere Motricen wéi z.B. de lëtzebuergeschen Z2000 net méiglech. Bei der Automotrice 96 SNCB ass op all Kapp eng Gummiverkleedung, hannen a vir.
Ech ginn emol dervun aus dass eisen Insider den Artikel esou komplettéiert dass och Laien alles verstinn. -- Pecalux 12:08, 18. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]