Diskussioun:Béiwener Baach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat mech datt eng Baach bedéitend oder onbedéitend ass? --Marcus 11:26, 17 Mäerz 2006 (UTC)

Ech baséiere mech op déi offiziell Lëtzebuerger topographesch Kaart. Wann hei eng Baach agezéchent ass an et steet och nach e Numm derbäi, dann ass et fir mech eng richteg Baach. Wann awer eng Baach gestréchelt duergestallt gëtt, da bedeit dat: "cours d'eau temporaire", also eng Baach déi z.B. nëmme Waasser féiert wann et vill reent. Wann dës "temporär" Baach dann och nach kee Numm huet (op der Kaart), dann ass se fir mech onbedeitend. Ech sinn awer iwwerzeegt dass et vill esou Baache gëtt déi trotzdem e Numm hunn, och wann e nët op der Topo-Kaart steet. Wann esou Fäll bekannt sinn, kënnen se ouni Problemer vun all Wiki-User verbessert ginn. Dat ass jo grad de Viirdeel vun eiser "opener" Wiki. --Pecalux 06:35, 18 Mäerz 2006 (UTC)