Diskussioun:Backyard

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien. As dat elo besser, oder sin nach Saachen do, déi musse geännert gin? Merci fir Feedback.(vum Walram)

Moien.
Am Artikel steet: Backyard war eng lëtzebuergesch Rockband déi vun 1991 bis zu hirer Opléisung 1996 bestan huet.
Hei ass awer 1992-1997 ze liesen. Wat ass richteg? --Fliedermaus 13:44, 16. Abr 2008 (UTC)

Moien. 1996 as richteg. --Walram, 10:43, 6. Jun. 2008 (UTC)

Eng aner Saach: Dem --Cornischong séng Indicatiounen iwwer de'Besetzung vun der Band am Historique waren net ganz korrekt. Ech hun déi komplétéiert a verbessert. --Walram, 10:47, 6. Jun. 2008 (UTC)

Ech géing Iech all och bieden, den Numm vun der Band richteg unzegin. Et as Backyard, net The Backyard! Och wann et op verschiddenen anere Platze sou steet. --Walram, 10:47, 6. Jun. 2008 (UTC)

@Walram: Merci. Nodeems mer jo lo de richtegen Numm hunn, wéi wier et mat enger Foto? Einfach emol gefrot. --Cornischong 09:18, 7. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

@Cornischong: Dofir misst mäi Scanner fonktionnéieren... --Walram, 10:33, 9. Jun. 2008 (UTC)