Diskussioun:Baha'i

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Natierelch ass et interessant, fir an der Wikipedia iwwer all Glawensrichtungen z'informéieren. Mee de Stil "Kommt eist europäescht Haus vun der Andacht zu Hofheim-Langenhain besichen. (et ass all Dag op)." ass fir e Projet, dee sech als Enzyklopdie gesäit, vill ze missionaresch!! Hei soll informéiert ginn a keng reliéis "Propaganda" ausgebreet ginn!! Hei ass, fir e Begrëff ze kréien e Link op de Baha'i-Artikel an der däitscher Wikipedia (http://de.wikipedia.org/wiki/Baha%27i). --Cornischong 15:20, 22 Januar 2006 (UTC)

Zu den Ännerungen[Quelltext änneren]

Moie Jmnau,

Wéi s de gesäis, hunn ech den Artikel e bësse strukturéiert a "wikifizéiert" (d.h. intern mat aneren Artikele verlinkt). Déi gréissten Ännerung: ech hunn en eegenen Artikel iwwert de Baha'u'llah opgemaach, fir dat Ganzt méi iwwersiichtlech ze maachen. Ech hunn och déi eenzel Kapitelen an eng aner Reiefoleg gesat (fir d'éischt d'Geschicht, dann d'Communautéit, dann d'Usiichten, asw).

Hei an s do hunn ech den Text och e bësse "gestrafft" (Widerhuelungen erausgeholl) an an e méi "neutrale" Stil ëmgeschriwwen (amplaz "mir" "d'Baha'i"; dat, wat se gleewen, an d'indirekt Ried - "Si gleewen dass..."). Wann ech do iergendwéis de Sënn verstallt hätt, bieden ech, dat z'entschëllegen, a soen am viraus Merci, et ze verbesseren.

--Zinneke 21:51, 22 Januar 2006 (UTC)

" ... mat zur Zâit iwwert 6 Milliounen Unhänger,.." An der en-Wiki hu se sech alt beméit, en eegenen Artikel unzeleeën iwwer d'Zuel vun den "Unhänger". No deem Furri mat dem "Radio Ara"-Programm, geet et einfach weider mat de Behaaptungen. Wat gëtt et eréischt, wann d'Science-Fiction-Fans vun der Church hei eraklammen? --Cornischong 23:52, 22 Januar 2006 (UTC)

An enger Enzyklopedie huet ee sech op noweisbar Fakten an op NPOV ze beruffen. Amplaz sech just ze beschwéieren, änner einfach wat objektiv gesinn do net drapasst, dat ass jo grad de Wikiprinzip. --Otets 00:09, 23 Januar 2006 (UTC)