Diskussioun:Ballhauseed

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ball-Haus-Eed[Quelltext änneren]

Dat mam Eed ass an der Rei. Mee, dat Ballhaus bleift. Wat ass dat dann?? En Haus mat Bäll? En Haus, an deem Balle gelagert sinn? --Cornischong 21:36, 14 Dezember 2006 (UTC)

Wéi wier et mat "Eed vum Jeu de Paume"?[Quelltext änneren]

Ech giff deen Artikel "Eed vum Jeu de Paume" nennen (kuckt och d'Artikelen an anere Sproochen). Well den dekadenten Adel zu Lëtzebuerg deemools méi rar war, gouf et dat Spill net, an dofir och keen eegene Begrëff. "Jeu de Paume" als Begrëff ass bekannt, net zulescht well am Gebai dovunner laang ee Musée war (d'Collectioun, déi lo am Musée d'Orsay ass). Bei "Ballhaus" denken ech éischter un e Festsall wou Baler ofgehale ginn. --Zinneke 10:01, 15 Dezember 2006 (UTC)