Diskussioun:Beggener Scouten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Oh Kanner seelen esou gelaacht. Den Ewen Luc vun den Beggener Scouten huet iwerhaapt näischt mam Fotograph ze dinn. Ech wor selwer an der Trupp an ech weess vun waat ech schwetzen. Schéin Scoutsgréiss --Spanish Inquisition 19:19, 11 Juli 2006 (UTC)

"ee vun den aktivste Jugendveräiner" seet ween? Kann een dat einfach sou an de Raum stellen? [derbäigesat vun der IP: 88.207.234.141]

duerch "ee vun den aktive Jugendveräiner" ersat --Robby 16:33, 7. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Als Lieser , erlaabt mer zwou kleng Bemierkungen 1. wann een deen eenzengen Jugendverain am Quartier ass ass een deen aktivsten iwwerhaapt. Daat misst also nees zreckverschlemmbessert ginn 2. waat an deem Artikel steht ass scho laang net méi aktuell. 23+ get et scho laang net méi, mee sinn ersaat ginn duerch "Albatros". Ausserdeem get et eng nach Branche fir d'éischt Schouljoer wou Biber heescht, an déi vun de Beggener Scouten zu Weimeschkiirch gehaale get. Bei de Verainer dei zum Grupp geheieren fehlt och d'asbl vun de Weimeschkiircher Scouten, déi elo ganz enk mat de Beggener zesummeschaffen. Desweideren fehlt de comité d'honneur. All Informatiounen déi dier braucht fir aeren Artikel à jour ze haalen fannt Dir op Mywort enner follgendem Link: http://www.mywort.lu/beggen/directory-association/1394996.html Best Gréiss

Merci fir äre Commentaire.
Prinzipiell äntwere mer net op anonym Interventioune vun net-registréierten Useren. Trotzdeem e puer Kloerstellungen:
1. Wann een deen eenzege Jugendveräin am Quartier ass, kann ee ni deen aktivsten sinn. Dëse Superlativ ass grammatesch nëmmen ubruecht am Verglach mat aneren aktive Jugendveräiner. Also ass een héchstens en aktiven Jugendveräin.
2. Wann Detailer am Artikel stinn déi net méi aktuell sinn, ass dat net d'Schold vu Wikipedia, mä vu jidderengem deen dat mierkt. All User, souguer all Lieser, huet d'Méiglechkeet den Artikel esou ze verbesseren dass en erëm à jour ass.
3. Elo, wou mer wëssen dass den Artikel net à jour ass, gëtt en direkt emol mat engem Hiwäisschëld Iwwerschaffen markéiert. Wann doropp hinn keng Verbesserungen abruecht ginn, gëtt den Artikel no enger bestëmmter Zäit wéinst falschen Donnéë deelweis oder ganz geläscht.
4. Den Artikel ass souwéisou enzyklopedesch ëmstridden. Streng geholl kinnt en esouguer als verstoppten Publicitéit ugesi ginn. A Publicitéit ass op Wikipedia net zougelooss. --Pecalux 10:50, 23. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Hallo, zu Punkt 2: also ass de Lieser schold wann aeren Internetsite net à jour ass, ... daat ass jo interessant. Genaus sou wéi är konfus Erklärungsversich zum Punk 1. Natierlech ass deen eenzegen deen schéinsten, ällensten an etc,... egal. Punkt 3 a 4 si mer egal, do maat Dir wéi der denkt. Ech wollt Iech just ee Gefaale man. Wann daat schonn ze vill ass.....
Prinzipiell äntwere mer net op anonym Interventioune vun net-registréierten Useren. Trotzdeem ... (mä dat wësst Der schonn, an Dir verstoppt Iech awer weider an den Déifte vum Internet).
Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet. Trotzdeem: Wikipedia ass net "eisen Internetsite". Wikipedia erhieft net den Usproch 100 %-teg richteg ze sinn. Jiddereen deen eppes op Wikipedia schreift, mécht dat op seng eege Verantwortung. Déi Persoun déi am Artikel "Beggener Scouten" déi Angabe gemaach huet, déi Dir contestéiert, war d'IP 217.31.75.234, also grad esou en Anonymus ewéi Dir. Hien huet seng deemoleg Angaben ouni Quell an ouni Referenz eragesat, wat prinzipiell net tolerabel ass. Och Är souzesoe verbessert Angabe sinn duerch keng Quell a keng Referenz beluet; also grad esou ontolerabel (eng Websäit vum Club ass zwar eng Quell, awer net onbedéngt eng Referenz).
Dofir: Wann Dir wësst wat wéi richteg ass, an Dir kënnt dat och beleeën, da verbessert einfach den Artikel an deem Sënn. Ech weess net wat richteg ass an ech kann och näischt beleeën. Dofit kann an däerf ech den Artikel net verbesseren. --Pecalux 14:56, 24. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn keen Grond Iech main Numm ze soen, well Dir soot mir aeren jo och net. Ech ginn net dovunner aus dat Dir op aerer Carte d'identité "Pecalux" stoen hut. Also haalt op Leit déi just wellen hellefen fierzewerfen sie wieren anonym, wann der iech selwer hannert engem Nickname verstoppt. Daat ass wierklech aarem. Mee et ass mer eierlechgesoot egal, ech wees elo waat ech vun dësem Site ze haalen hunn, Dier soot jo selwer dat Dir keen Usproch op Wourecht erhiewt, also ass fir mech Alles kloer. Ech wenschen iech schéin Feierdeeg, an dann kennt Dir jo endlech aert Verspriechen haalen, andeems der net méi Äntwert an domat des onsenneg Discussioun beännegt.

___

Am Text steht de Robert Hilles wier 2010 gruppechef. Dat. Ass Quatsch von 2007 bis Ugangs 2011 war de Luc Ewen an de Laurent Hennes Gruppechef. Virdun war de Robert Niles Gruppechef och Dei aner genannte Cheffen waren 2010 zum deel schlang Net mei dobai --(IP 78.141.134.17)

Hei déngt déi Bemierkung net vill. Et ass der vläicht opgefall datt eng Bemierkung iwwer deem Artikel steet. Firwat also net einfach am Artikel verbesseren? Dat ass vill méi efficace. --91.180.25.56 10:17, 15. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]
ech gi gewass an aner Leit hir Texter verbesseren. Ech fanne just schlemm dat ech hei Main Numm Liesen, ouni dat ech virdrunn gefrot gi sinn, op de Saite vum Presserot (www.press.lu) fannen ech och kee Journalist Dee fir des Sait accrediteiert wier,... An alleguer dTextersinn mat Niknames oder Ip adressen ennerschriwwen,..... Wann Dat. Wat hei stet wouer wir, wir et Jo nach eng aner Saach, mee een deen Net kritisch liest, de keint mengen dat heiten wir alles wouer wat op wikipedia steet.... Ech dannen Dat. Bedenklich--(IP 78.141.134.17)