Diskussioun:Bibendum

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi Saach mat den Amateurlatinisten aus der fr-Wiki: Ass déi iergendwou zitéiert, well ech deeër Saach net fir een Cent trauen? An der franséischer lafe Leit mat enger remarkabler Fantasie erëm. --Cornischong 22:52, 5 Jun 2005 (UTC)

Op der Michelinssäit hunn ech emol näicht driwwer fonnt... --Otets 23:44, 5 Jun 2005 (UTC)

Da wäert et aus dem Dossier "Aus de Fangere gesuckelt" gecopypasted sinn, mengt de --Cornischong 23:57, 5 Jun 2005 (UTC) Mer mussen e bëssen op déi Pittien oppassen, déi Fäll jéngere gären tëscht de Wikien.

latinismen[Quelltext änneren]

Moien, wann ech mech kuerz amëschen däerf: dat mam "Nunc est Bibendum" schéngt ze stëmmen; ech hat dat virun Joeren an engem (räichlech illustréierte) Buch iwwer d'Geschicht vum Bibendum gelies. 'T kann een et also stoe loossen.

--Zinneke 07:38, 6 Jun 2005 (UTC)

Moien Zinneke. Tjo, datt mer lo kee Mëssverständnis kréien: Dat wat ech staark bezeiflen ass just déi Saach mat den Amateurlatini"t"en ("ass iwregends op Amateurlatinisten zréckzeféieren, déi de Publizitéitsslogan falsch iwwersat hate mat "Elo existéiert de Bibendum" an dowéinst gemengt hunn, de Pneue-Personnage aus der Reklamm géif Bibendum heeschen."). Dat fannen ech just an der fr-Wiki.
Dé aner Saach: " e Plakat ausschaffen, wou e Personnage aus Pneue sech drugëtt, mat engem Cocktail aus Neel a Schierbelen ze prosten, an der Inskriptioun: "Nunc est bibendum - À Votre Santé, le pneu Michelin boit l'obstacle !"." Déi ass komplett an der Rei, dat Plakat ass op e puer Websäitenze ze fannen.
Aus dengem Kommentar krut ech net erausgelies, op wat hien sech bezitt. Klär mech op. Merci. --Cornischong 08:20, 6 Jun 2005 (UTC)

Volleksetymologie[Quelltext änneren]

Moien,

entschëlleg, ech hat effektiv meng Ausso op de Sproch bezunn, an net op d'populär Interpretatioun dovunner, bzw. de semanteschen Transfer op de Personnage.

Wéi bei ville Volleksetymologien ass bei der Erklärung vun deem Transfer warscheinlech e Bësse Spekulatioun mat dran, mee anersäits: wouhir kéim de Pneuemännche soss u säi Spëtznumm?

Fir ganz genee ongenee ze sinn, kinnt een déi a Fro gestallten Ausso jo mat engem Konjunktiv oder engem "Et gëtt ugeholl..." relativiséieren.

Zinneke

Ma de Männche krut säi Numm vum Sproch op dem Plakat! Wat mech stéiert ass dat "volleksetymologescht". Wa mer hei ufänke mat deene "Saachen", da kann et nach heiter ginn. An dann: "et gëtt ugeholl ..." an esou Tricken hunn hei näischt verluer, soss lande mer direkt do, wou mer sécher net wëllen higoen, "huelen ech un" --Cornischong 10:21, 6 Jun 2005 (UTC)

Also, ech hunn déi Nummgenèse exklusiv aus der fr-wiki. Op déi elo gesponnen hunn oder net kann ech net soen. --Uditex 10:43, 6 Jun 2005 (UTC)