Diskussioun:Bonne ville

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, Hei schéngt ët, wéi wann een eng Säit ugefang hätt ...fir eng Säit unzefänken (op Basis vun enger Iwwersetzung och nach). De Stadbegrëff ass, wat d'Mëttelalter ubelaangt, eng ganz komplex Affär. 't misst ee vläicht deen een oder deen anere bekannte Medievist vun der UniLu kontaktéieren (Mich. Pauly, Mich. Margue), fir ee kompetenten Artikel iwwer d'Stad am Mëttelalter (allgeméng AN äm demolege Lëtzebuerg) ze kréien. Ciao, R.D.

Moien,
et schéngt es och wéi wa verschidde Leit nëmmen Diskussiounssäite wëlle fëllen, amplaz eppes an engem Artikel bäizeflécken. Cia, R.B.
Moien och,
D'Erweiderung vum Artikel steet op engem Benotzer senger Aarbechtslescht, fir de Fall wou dat d'Gemidder ka berouegen. (Ufank vum Schantge spéidestens ëm de 15. Januar) Les Meloures 15:48, 24. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

P.S. Zousätzlech Info fir déi Leit déi mam System net esou vertraut sinn:

An éischter Linn gouf deen Artikel ugeluecht fir aus de falschen Interwikilinken erauszekommen, d.h. fir mat anere Wikie gläichzeschalten. Gläichzäiteg gouf den alen Artikel Bonnes Villes deen nëmmen déi Lécker betraff huet ëmbenannt fir spéider Konfusiounen ze vermeiden. Och un deem Artikel bleift nach ze dinn, am Fall wou dat bis elo nach net soll opgefall sinn. Doriwwer eraus wäerten et op der Wiki nach en etlech Honnerte vun Artikele ginn déi am selwechte Fall sinn. Les Meloures 16:20, 24. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]