Diskussioun:Boukelsser Baach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Numm "Boukelzerbaach"[Quelltext änneren]

En äifrege Sysop (fir e net ze nennen), dee bekannt ass datt en fir all Artikel gär d'Quell genannt hätt, huet meng Boukelzerbaach op eng Boukelserbaach geréckelt. Wann hie virdrun mat mir Kontakt opgeholl hätt, dann hätt ech him kënnen erklären datt ech mech op déi läscht Editoun (2005) vun der topographischer Kaart (1:20.000) baséieren, déi vun der Administration du Cadastre et de la Topographie éditéiert gouf. Ech sin dervun ausgaang, datt dës Kaart als offiziellt Dokument unerkannt ass an datt ech d'Donnéen vun dëser Kaart als offiziell richteg ka betruechten. Wann dëse net ernimmten Sysop awer elo mengt datt dës Donnéen net richteg sinn, da muss en dat mam Cadaster klären. Ech setzen an der Tëschenzäit jiddefalls keng nei Baach méi derbäi.

Dat selwecht gëlt iwregens och fir d'"Todlerbaach".

--Pecalux 09:46, 4 Mee 2006 (UTC)

Hale mer eis un déi offiziell Schreifweis oder awer léiwer net?[Quelltext änneren]

Wann deen äifrege Sysop der nach net g'änwert huet, dann äntweren ech alt.
Wann op der Kadasterkaart (1:20.000) steet datt déi Millenuertschaft an der Géigend "Bockholtzermillen" heescht, da wonneren ech mech, datt ee User (mer wëlle jo keen Numm nennen) "leeft si bei der Boukelzer Millen an d'Sauer." schreift. Den Numm Bockholtzermillen misst jo offensichtlech de lëtzebuergeschen Numm sinn! An e steet op der topographischer Kaart (1:20.000) baséieren, déi vun der Administration du Cadastre et de la Topographie éditéiert gouf. Mee wann ech deem dat elo nach géif soen, da wier dee bestëmmt beleidegt. Den Numm vun der Uertschaft "Bockholtz" selwer ass e Problem. D'"Eis Sprooch" gebrauche fir déi zwéi Bockholtz den Numm "Boukels", de Josy Braun hëlt eng Kéier Boukels (mat engem "s") a fir dat bei Hosen gebraucht e "Buckels". Et wonnert mech, datt nach keen Housen-Buckelser d'Wikipedia op d'Geriicht geholl huet, well e sech verjuppelt virkënnt. Ech ginn dovun aus, datt de Kadaster kee Linguist am Service huet, soss hätt en dofir gesuergt, datt déi Baach, déi bei Boukel"s" leeft och net Boukel"z"erbaach genannt. Nëmme gutt, datt ech selwer an enger Uertschaft wunnen, déi op all Sprooche vun der Welt d'selwecht heescht, souguer op Lëtzebuergesch! Et ass versprach, ech wäert dee Sysop drophiweisen, datt hie besser hätt, amplaz mat expressesche Verschlëmmbesserungen d'User erauszegrujelen, richteg Artikelen ze schreiwen.
Komme mer nach bei d'Toodlerbaach: Wann op der Kadasteradministratioun kee sech wëll un d' Schreifweis halen, an déi war am Memorial (!!), dann ass dat wuel interessant. De Josy Braun zu deem Fall: Gëtt den O an enger betountener Silb laang ausgeschwat, an 't kommen hannendrun zwéin oder méi Konsonanten, da mussen d'Vokalen zweemol geschriwwe ginn. Mee wéi kann een engem dat erklären?? Hale mer eis un déi offiziell Schreifweis oder léiwer awer net?
An da spillen ech emol de Beleidegten: Zënter bal zwee Joer probéieren ech mech hei un déi offiziell Schreifweis ze halen, bei Zweifelsfäll wenden ech mech u Fachleit, an all gudden Dag spillt hei een de Beleidegten an Erniddregten, well et him zevill ass, sech am Memorial d'Schreifweis-Regelen unzekucken! An déi sinn net vu mär opgesat! Hei ass dem Josy Braun seng Telefonsnummer, fir weider Gejomers: 311 880. Ech ka se hei bréngen, well se steet hannen op sengem Buch. --Cornischong 11:19, 4 Mee 2006 (UTC)