Diskussioun:Braderie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde moien

Wa meng flämesch Kentnesser net ze schlecht sinn géif mengen datt an dësem Sëm braden näischt mat broden ze dinn huet. Braden huet am Flämeschen nämlech nach d'Bedeitung vu gratis ewechginn. Ech mengen datt dat éischter zoutrefft.

Les Meloures 18:43, 31. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien och!
Ech wëll deng an denger Madame hier Flämeschkenntnesser net a Fro stellen. Ech wonnere mech just datt eis flämesch Kollege vun der nl:Wiki an hirem Artikel nach net op dës Iddi komm sinn. Mee wat nach net ass ka nach ëmmer kommen. --Pecalux 07:12, 1. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Tsali, Dito fir mech. Ech hat an der Online-Versioun vum Van Dale gekuckt, do gëtt och just vun Iessenszoubereedung riets. Mee et kann natierlech sinn, dass déi vun Där ernimmte Bedeitung ëmgankssproochlech gebraucht gëtt - cf. "verbraten" am Däitschen fir "Suen ausginn, bis näischt méi rescht ass". --Zinneke 08:13, 1. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]