Diskussioun:Bretzelsonndeg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Fréier gouf et soss am Land och nach de Brauch, dass eng Koppel, déi sech am Laf vum Joer virdrun bestuet hat, all deenen, déi bei der Hochäitsfeier e Stéck vun der Braut hirer Jarretière erwëscht haten, op dësem Dag Bretzelen (déi Faaschteboune genannt goufen) huet misse schenken.": - Kennt een dee Brauch? "Soss am Land" Wou ass dat? --Cornischong 23:50, 29 September 2006 (UTC)

Ech kennnen en net. --Alexandra 07:16, 30 September 2006 (UTC)

Dat hat ech aus dem Edmond de la Fontaine sengem Buch vun 1883 (Source). Dofir steet och do "fréier". Bis wéini et dee Brauch nach gouf, weess ech net. "Soss am Land" ass iwwerall soss wéi "an den Dierfer laangscht Musel a Sauer", iwwer déi een Abschnitt méi héich riets geet. --Zinneke 16:37, 20 Dezember 2006 (UTC)

Misst den Artikel net "Bretzelsonndeg" (an net "Bretzelesonndeg") heeschen? --Martinroell 16:19, 20 Dezember 2006 (UTC)

Hätt ech och gemengt, mee den Artikel gouf hier geréckelt. --Zinneke 16:37, 20 Dezember 2006 (UTC)
Ech kennen och just Bretzel- an Bratzelsonndeg. --Fixspoun

Am LOD steet: Bretzelssonndeg--Fliedermaus (Diskussioun) 16:21, 7. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]