Diskussioun:CEMT-Klasse fir Schëffer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"CEMT-Klassen fir Schëffer": Wat ass CEMT? Am Artikel geet mat kengem Wuert doriwwer Rieds. Wéini sinn déi Klassen definéert ginn? Wou si se um Internet ze fannen? Ech hu probéiert, mat Hëllef vu Google eppes ze fannen, wat mer awer net gelongen ass. A wat fir anger Wikipedia geet nach doriwwer Rieds? --Cornischong 15:25, 25 Juli 2006 (UTC)


"fir all Kategorie vu Schëffer": So wäit mäin Hollännescht geet steet an der nl "De binnen- of rivierscheepvaart is in Europa opgedeeld in CEMT-klasses" Also sinn et se NET all! --Cornischong 16:29, 25 Juli 2006 (UTC)

Wann dat hei [1] stëmmt (Table 1.2) op der Säit 6, da stëmmt eisen Tableau net vir an net hannen. Als Source ginn déi den "CEMT Waterway classificatioun 1961" un. Ech probéieren dat och nach ze fannen. Wa mer alles onkritesch (a dat och nach falsch) iwwerhuelen, ouni et ënner d'Lupp ze huelen, dann hëlt kee méi dat Ganzt seriös!!!--Cornischong 18:08, 25 Juli 2006 (UTC)

Huet et nach e Sënn, fir eppes op eng Diskussiounsäit ze setzen, oder zielen ech mär hei Geschichtercher? --Cornischong 23:25, 25 Juli 2006 (UTC)

Different vum Ënnerscheed[Quelltext änneren]

Schéin, datt mer mer lo mol en Dokument vun 1992 hunn!(E Merci un eis Fliedermaus. Si huet et fonnt). Wann ech dat richteg gesinn, stinn do aner Saachen drop wéi am Artikel. --Cornischong 09:36, 26 Juli 2006 (UTC)