Diskussioun:CFL-Linn 80
Ausgesinn
1. Als CFL-Linn 80, ginn nieft Attem-Arel och d' Deelstécker Rodange-Attem an Rodange-Virton bezeechent.Kaart vun cfl.lu
2. Firwat gëtt deen Traffik dann vun den CFL assuréiert? Souwäit ech informéiert sinn, gëtt d'Streck Arel-Attem-Rodange-Virton-(Libramont) vun belschen AR 41 befuer. Dat Stéck Rodange-Attem ass en Deel vun der CFL-Linn 70, an gëtt dowéinst am Stonnentakt ugefuer.
3. CFL-Linn 80 ass an deem Sënn en internen Numm bei der CFL fir déi Verbindung, well d'Korrespondenzen zu Rodange an zu Attem op den Fuerplang vun der Linn 70 ofgestëmmt sinn.
Ech gesin hei Bedarf fir den Artikel ze iwwerschaffen. --Luxmaster051 18:49, 4. Jun. 2010 (UTC)
- Moien, gëff dem Les Meloures, deen den Artikel ugeluecht huet, eng Chance, z'äntwerten, mee am Prinzip kann ech nëmmen encouragéieren, Artikelen ze änneren, wann eppes zweedeiteg oder net kloer ass, oder ee méi weess wéi dat wat do steet. --Zinneke 09:49, 5. Jun. 2010 (UTC)