Diskussioun:Carl von Linné

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"1751 huet hien en zweet Buch erausginn, wouranner hie säi System vun den Nimm virgestallt huet." A watfir e Buch soll dat da gewiescht sinn? Wann net déi 10. Oplo vum Systema naturae vun 1758. --Cornischong 16:20, 22 Mee 2007 (UTC)

Genera plantarum eventuell Les Meloures 18:00, 22 Mee 2007 (UTC)

Mär féieren de von Linné an de Kategorien als "schweedeschen Auteur". Kommen elo Bescheef, déi e Kachbuch geschriwwen hunn an d'Kategroie "Auteur"? Ech verstinn esou lues guer näischt méi. An der de-Wiki leeft de von Linné ënner: "Kategorien: Biologe | Botaniker (18. Jahrhundert) | Ichthyologe | Zoologe | Mediziner (18. Jahrhundert) | Hochschullehrer (Uppsala) | Adliger | Schwede | Geboren 1707 | Gestorben 1778 | Mann", awer net ënner Auteur. --Cornischong 06:08, 3 August 2007 (UTC)


Gudde Moien,
Datt de Linné keng 27 Romaner an Novelle geschriwwen dierft bekannt sinn. Hei bleift just festzestellen op een e Mann dee mat déi zwee wichtegst Bicher an der Botanescher Klassifikatioun geschriwwen huet als Auteur ka betruechten oder net oder op dat nëmmen zu sengem allgemenge Schaffen als Botaniker gehéiert. Als wat klasséiere mer déi Leit déi Fachliteratur geschriwwen hunn. Et wäerten deeër jo nach méi ginn an och vläicht mat méi Bicher. Les Meloures 08:06, 3 August 2007 (UTC)
Fantastesch; nodeems hei méintelaang diskutéiert gouf, ob mer d'Schrëftsteller Auteuren oder Schrëftsteller nennen, kritt déi Diskussioun nees neie Pauer. --Cornischong 13:00, 3 August 2007 (UTC)