Diskussioun:Carlo Collodi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat huet de Collodi Béises gemaach, Fir dass säin Artikel hei méiglechst schwéier ze fanne soll sinn? Oder wéi kënnt et, datt e keng Kategorien a keng Linken op aner Sproochen huet, an en net an de Jores- an Dagsäite verlinkt gouf? --Zinneke 09:38, 16. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech ginn dovun aus, datt de Collodi sech an déi lëtzebuergesch Wikipedia verlaf huet, an där déi, déi nach iwwerhaapt eppes schreiwen, esou Froe gestallt kréien. Et war mäi Feeler; ech hätt net sollen e Collodi-Artikel uleeën. Wann ech dat net gemaach hätt, hätt kee Mënsch reagéiert. Den Homini lupus-Syndrom ass wuel schwéier an de Grëff ze kréien. Schued. --Cornischong 09:57, 16. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Tjo Frënd Cornischong, huel dat hei elo w.e.g. net perséinlech, mee et gëtt och nach Leit déi géifen emol lues a lues gären de Botzfraesyndrom lassginn. Et gëtt sech leider vun 80 % vun de Benotzer op d'Botzfrae verlooss fir Kategorien asetzen ze goen a fir d'Artikelen an d'Datumssäiten ze setzen.
Da kanns de vläicht verstoen datt deenen techniciens de surface och mol eng Bemierkung soll erlaabt sinn zu deem Sujet. An aner Wikien wéi z.B an der franséischer kritt een esou Saachen och all Kéiers ënner d'Nues geriwwen an do reegt kee Mënsch sech driwwer op, well et einfach derzou gehéiert.
Eng vun de Botzfraen Les Meloures 10:34, 16. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
@Cornischong: Wéi wär et, wann s de mol fir eng Kéier eng Fro beäntwere géifs an net mat iergend enger Ausnam vun enger Ausnam, engem Nieweschauplatz oder eppes, wat näischt mam Sujet ze dinn huet, ukéims? En einfache "Ech setzen et derbäi" giff duergoen; nee, du bräichs et mol net ze schreiwen, just ze maachen. Dann hätt sech d'Saach nämlech erleedegt, an du giffs weisen, dass de de Kollaboratiounsprinzip vun der Wikipedia verstanen häss. Amplaz dovunner kréie mer hei e Calimero-Syndrom-duerchtränkten Exkurs bei den Hobbes offréiert... An aller Däitlechlkeet fir Lieser, déi nei wieren: Et schwätzt kee vu "Feeler", en Artikel unzeleeën, mee et kann ee vun engem Mataarbechter, deen zënter 2004 (!) hei präsent ass, mengen ech, erwaarden, dass en esou lues weess 1) wéi en Artikel auszegesinn huet an 2) mat wéivill (oder besser wéineg) Leit en hei ze dinn huet, a wat déi eenzel Leit esou maachen (kënnen). Dann dierft Der och net entgaange sinn, datt déi puer "Dommer", déi hannendru "botze" ginn, dat als net grad déi intressantst Aktivitéit ugesinn, an am Fong (och) léiwer "just" Artikele schreiwe géifen. Schued... --Zinneke 13:02, 16. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]