Diskussioun:Carmen Welter-Jander

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nieft mengen Doléancen , déi op der Kategorie Diskussioun:Sopranistinnen -Säit stinn: Am Artikel iwwer déi Fra steet net ëm watfir eng Sopranstëmm et da geet. Déi gi jo net ënnerdeelt an déi, déi "eng immens hell Stëmm" hunn an déi. déi keng immens hell hunn. Huet d'Fra vläicht eng Websäit? Wa jo. da wëllen d' "Jongen" och wëssen, wou déi ze fannen ass. Dat wier et emol fir haut. --Cornischong 08:02, 1. Abr 2008 (UTC)

Moien wat sinn déi Projeten? Wéini sollen déi da realiséiert ginn? Oder ass dat vläicht ee Fachjargonswuert mat engem anere Sënn, dat awer all Mënsch onbedingt kenne muss fir in ze sinn? Les Meloures 10:04, 1. Abr 2008 (UTC)

Vléit wär et besser, desen Artikkel entweder da mol sou stoën ze loossen, oder en als Skizz unzeléen, wéi bei deenen aaneren och? Knaddermuert.

Eng Fro: et gin nach eng ganz Partie lëtzebuerësch Sänger-innen, zum Deel ganz bekannter, wéi z.B. d'Isabelle Heischbourg, oder d'Yannchen Hoffmann (Hartmann-Hoffmann), Jean-Paul Majerus, Marc Dostert asw.: kann ech déi an den nächsten Deeg ugin, just ugin, sou daat en aaneren gëng d'Skizzen uléen? Mer wëlle jo gerecht sin, oder? Knaddermuert.

Un Knaddermuert
Awer éierlech, mär gefällt d'Yannchen Hoffmann vill besser an ech mengen déi huet souguer nach eng vill méi besser hell a kloer an impresionannt Stëmm. An eréischt dee Sucès deen se zu Wolz hat. A mär wëessen nees näischt dovunner. Fuer roueg duer mat mat engem Ulaf. Et wäert schonn den een oder den anere sech fanne fir weider zefueren. Les Meloures 11:05, 1. Abr 2008 (UTC)

Um 9.08 Auer mueres setzt een en Artikel mat 5 Sätz dran. (Dat ass esou oder esou ëmmer eng positiv Saach). Duerno gëtt deen Artikel an 8 Editen "verbessert" an owes, 15 Stonne méi spéit (!!!), ëm Hallefnuecht steet nach ëmmer "iwwerschaffen" driwwer an et ass nach eng Partie Schreiffeeler dran. Dat ass den Aarmut an der lb-Wiki! Wéi Artikele mat 5 (!!) Sätz iwwerlies, nogelies oder iwwerhaapt gelies ginn, léisst sech un dësem Beispill "novollzéien". --Cornischong 22:20, 1. Abr 2008 (UTC)


Moien,

Ech liesen de Calo Hartmann wier Soliste op der Wiener Staatsoper. Ech hu mer deenen hir Websäit ugekuckt. Op deeër hunn ech en net fonnt. Ass déi vläicht net aktualiséiert? Les Meloures 00:57, 2. Abr 2008 (UTC)

De Calo a säin Operenhaus[Quelltext änneren]

Tjo, sou ass dat mat de Schreiffeeler: déi eng schreiwen "Calo Hartmann wier Soliste", an déi aner iere sech zu allem Kombel am Operenhaus. Mäin Duzfrënd hat, wéi et schéngt, Recht. Ech muss emol eng Wikivakanz maachen. Déi aner Leit schreiwen och emol gär en Artikel. Ëm d'Diskussiounssäite brauch ech mer jo keng Suergen ze maachen. --Cornischong 02:07, 2. Abr 2008 (UTC)

Knaddermuert: sou, hei sin ech rëm. Ech hun d'Gefiil, déi Lëscht vun den lëtzebuergëschen klassësche Sänger-innen get riiselaang. Ma, gudd, fänke mer mol un ...

Bass:

  • Ionel Pantea (och Gesanksproff am Staater Conservatoire)

Sopran:

  • Suzette Engels (doud, d'Schwëster vum Radio's Guy Engels)

Tenor:

  • Marc Dostert (Schüler vum Yannchen Hoffmann)
  • Marion Michels (och Baryton)

Alto:

  • Isabelle Heischbourg (och Mezzo-Sopran; och Gesanksproff zu Diddleng; sengt och am E.V.L.-Ensemble Vocal du Luxembourg- ennert der Leedung vum Rosch Mirkes)

Mezzo-Sopran:

  • Yannchen Hoffmann
  • Isabelle Heischbourg (och Alto)

Baryton:

  • Carlo Hartmann
  • Marion Michels
Hei ass déi Lëscht méi liicht erëmzefannen.--Fliedermaus 09:03, 3. Abr 2008 (UTC)

riselaang Lëscht[Quelltext änneren]

Wat méi, wat besser! Et wier méi praktesch, fir deene Leit no an no en eegenen Artikel ze spendéieren, deen doropshin ausgebaut ka ginn. Da behale mer d'Iwwersiicht besser. ok? --Cornischong 08:49, 2. Abr 2008 (UTC)

Gerechtegkeet[Quelltext änneren]

Knaddermuert: schéine gudde Mueren, hei sin ech neess. Daat ass jo alles richteg, an ech kucken dann an den nächsten Deeg matt den éischte Schrëtt an där Richtung. Kéinte mer da vléit d'Marie-Jeanne Klein (wichteg) an déi onvergiesslech Cigrand-"Fetiche" Josette Jacoby bäifüjen (Soprannistinnen). A beim Alto misst een dann awer vléit wéinstens ENG Lëtzebuegerin ugin: z.B. d'Isabelle Heischbourg. Bei de Bass kéint een den Tom Osborne setzen.

An ech wollt froën, wéi geet daat, fir sech anzeloggen? Daat klappt nämlech net bei mär! (ech gin als Benotzernumm Knaddermuert un, et klappt och net, wann ech et als Passwuert ugin). Warscheinlech ass daat eng blöd, eng ganz blöd Fro, majo, an daat scho mueres fréi!

Moien,
Kann et vläicht dodru leien datt Dir nach kee Benotzernumm hutt. Les Meloures 08:33, 3. Abr 2008 (UTC)


Verschwanne vun der Säit[Quelltext änneren]

bonjouer, ech wollt mol froën, daat ass lo äusserst peinlech, et guff eng Säit iwert d'Madame Jander ugeluecht; obwuel si selwer guer näischt matt Wikipedia an iwerhaapt matt der Ëffentlechkeet wéilt ze din hun! Ech perséinlech fannen des plakkativ Säit och zimmlech schwachsinnëg an derniewt. Ass et méiglech, d'Säit ze läschen, oder ass d'Madame Jander dozou verdaamt, daat iwert sech ergoën ze loossen? Villäicht wir et dann einfach gudd, wann e kompetente Wikipedianer des Säit duerch Recherchen opbessert?

Just zur Opklärung
Dës Fro gëtt gestallt vun der IP 194.154.200.108. Dat ass déi selwecht IP déi den Artikel iwwer d'Madame Jander ugeluecht huet.
Les Meloures 13:04, 26. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

euh, si Dir histerësch? waat wir dann do e problème? (Bemierkung vun der IP 194.154.200.108)

Fir eppes an engem Artikel ze verbesseren muss ee kee kompetente Wikipedianer sinn. Verbessere kann, däerf a soll jiddereen, deen eppes konstruktives zum Artikel bäidroe kann, also och Dir. Allerdéngs muss ee sech un d'Reegelen vu Wikipedia halen a jiddereen deen eppes verbessert ass perséinlech responsabel dofir.
Dem Administrator Les Meloures seng Opklärung hei uwendriwwer huet absolut näischt mat Hysterie ze dinn. Et kënnt him (an him net eleng) komesch fir dass deen Text, deen eng IP (dat ass de Numero vun engem anonymen Internet-Benotzer) eragesat huet elo op eng Kéier vun déier selwechter IP (also warscheinlech dee selwechten Internet-Benotzer) als "plakkativ, schwachsinnëg an derniewt" deklaréiert gëtt.
Firwat soll "e kompetente Wikipedianer" nach Recherche maache wann Dir, léif IP, esougutt informéiert sitt iwwer d'Madame Carmen Welter-Jander. Dir hutt all Méiglechkeet dësen Artikel esou opzebessere wéi et néideg ass. --Pecalux 08:26, 27. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]