Diskussioun:Catenaire

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech liesen: Am Prinzip besteet d'Catenaire aus engem Spezialdrot.

Um Bild dat niewendrunner steet gesinn ech der zwéin. Maachen d'Fransousen eng Ausnam vum Prinzip?

Op deem heite Bild sinn et der esouguer 4, dovunner wéi et schéngt der zwéin iwwer déi de Pantograph rutscht.

Les Meloures 22:51, 15. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Um Bild niewendrunner (ech huelen un dass du dat hei mengs ) gesinn ech awer nëmmen 1 sougenannten "Trolleydrot", de Spezialdrot deen den Auteur gemengt huet. Deen 2. Drot deen ze gesinn ass, ass deen Drot wou den Trolleydrot drunn hänkt (déi offiziell Bezeechnung kennen ech net, ech si kee Catenairespezialist awer en Elektriker deen op der Bunn geschafft huet). Den Trolleydrot gouf "Spezialdrot" genannt wéinst sengem speziale Profil, deen et erméiglecht den Drot mat Klamen esou opzehänken dass de Pantograph laanscht déi ënnescht Säit ka schläifen. Dëse speziale Profil gëtt nëmme bei Catenaire ugewandt.
Just well et Ausnahme ginn, steet do "am Prinzip", soss géiff do stoen "ëmmer".
Um Bild si keng 4, mee nëmmen 1 verduebelten Trolleydrot ze gesinn. Och eng Ausnahm vum Prinzip.
Firwat verduebelt? Well d'Hollänner mat 1500 V fueren, wat eng relativ niddereg Spannung ass an doduerch relativ vill Verloschter optrieden. Eng Verdueblung vum Drot ass gläichbedeitend mat enger Verdueblung vum Queerschnëtt; also manner Verloschter. --Pecalux 05:57, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Merci fir d'Erklärung,
Et war mer tatsächlech net agefall datt mat dem Spezialdrot den Trolleydrot gemengt wier, vu datt jo och anscheinend nach aner Speizaldréit an der Konstruktioun vun esou enger Uwerleitung gebraucht ginn. Mä et ka jo sinn datt mer am Artikel eng Kéier gewuer ginn, wat mat all deenen Dréit lass ass.
Ech hunn dann nach eng Fro zu de Catenairen (Uewerleitungen) déi nieft dem Gleis waren. Ech hu bis elo an allem wat ech bis elo iwwer Bunne gelies hunn, ëmmer nëmmen eppes vun elektresche Schinne nieft dem Gleis gelies. Dat dierft jo dann och nëmmen eng extrem Ausnahm sinn an nëmmen op Strecken ouni Weiche gebraucht gi sinn, well ech mer schlecht virstelle kann wéi sou eppes op Weiche sollt realiséierbar gewiescht sinn.
Ech ka mer och net virstellen wéi sou eng Uewerleitung déi säitlech vum Gleis sollt gewiescht sinn manner Plaz an Tunelle sollt gebraucht hunn. Wann dat vläicht fir d'Héicht stëmmt, fir d'Breet stëmmt et doudsécher net.
Mat der Parabol an der Erklärung vum latengeschen catenaria hunn ech och e Problem. Déi Erklärung hannerléist den Androck datt d'Uewerleitung parabolesch géif durchhänken. Do bäi hänkt jo anscheinend nëmmen de sougenannten Drodrot duerch, vu datt deen aneren dat net däerf, well soss de Pantograph jo net ëmmer dru kéim. Well ech och net Insider sinn an och net op der Bunn geschafft hunn, wéi ganz vill Leit déi heihinner liese kommen, dinn ech mer schwéier fir verschidde Saachen als esou selbstverständlech opzehuelen. Well ech awer mol an eng Zäit an engem anere Fach geschafft hunn, dat mat Seeler a Ketten ze dinn hat, a well ech och mol an der Zäit e bësselche Physik a Mathematik geléiert hat, an obschonn net méi vill dervun hänke bliwwen ass, weess ech ganz genee datt Seeler déi duerchhänke keng Parabol beschreiwen.
Les Meloures 07:41, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Op der däitscher Wiki (hei) ass en Abschnitt iwwer säitlech agebauten Oberleitungen. Ech selwer hu nach keng esou gesinn a weess och net wéi déi bei de Weichen ubruecht waren.
Wat d'Parabol ubelaangt hunn ech en anere Problem: D'Fransouse schreiwen (hei) dass den Term Catenaire vum latengeschen catena = Ketten géng hirstamen a net vu catenaria. Hei ass e "Laténger" gefrot.
Eent ass sécher: Och den Trolleydrot hänkt duerch, a wann et och nëmmen esou minim ass dass een et mam bloussen A kaum gesäit. Op dat elo parabolesch oder soss iergendwéi ass, weess ech net.
An engem Punkt hues de vollkomme Recht: Wa schonn technesch a wëssenschaftlech Détailer hei niddergeschriwwe sinn, da muss och all Lieser dat kënne verstoen. --Pecalux 09:58, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech huelen emol déi Behaaptung vun den Tunnellen aus dem Saz mat de säitlechen Uewerleitungen eraus. Wann ech mer nämlech déi Biller ukucken déi op de Wikipediaen doruechter stinn, gesinn ech neirens eng Logik an där Saach. Bei ville vun deene Biller hätten souguer an deem Fall d'Tunnelle mé héich misste gebaut ginn, well déi héchst fräi Héicht méi einfach an der Mëtt vum Krees z'errechen ass wéi op der Säit vum Bou, ausser de Pantograph weist laanscht d'Lokomotiv no ënnen. Esou e Bild hunn ech awer bis elo neirens fonnt.
Les Meloures 10:32, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]