Diskussioun:Cercle-Cité

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Luxembourg City Tourist Office ass net méi am Zerkel [1] mee um Knuedler. Wat elo haut am Gebai ass, weess ech éierlech gesot net a kenn och (leider) net esou einfach nokucke goen ... Avis aux amateurs ;-) Kaffi 22:43, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Tjo, dat ass awer peinlech, well ënner eise Useren ass eng Persoun, déi beim Plënnere matgehollef huet. --Cornischong 22:53, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Cercle-Cité[Quelltext änneren]

Nom Enn vun der Renovatioun an dësem Joer krut de Cercle den Numm Cercle-Cité.
Mat oder ouni Bindestréch, typesch Lëtzebuerg: um Gebai selwer (haut gesinn) fënnt een déi zwou Schreifweisen, eng Kéier mat (an der Lantergässel) an dann och ouni Bindestréch (op deenen 2 Stèle lénks a riets virun der Haaptentrée). Déi 'korrekt' fr. Schreifweis verlaangt e Bindestréch. --Cayambe 14:43, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ech war e bëssi séier hei a froe mech op mer net sollen dräi Artikele maachen:

  • Cercle-Cité
  • Cercle
  • Cité

Ech waarden op e Konsensus ier ech viru fueren. --Cayambe 15:04, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, net einfach déi doten: Grondsätzlech hu mer hei (wéi och soss alt) de Probleem, op mer d'Gebai oder dat wat dran ass als Lemma huelen... Am Fong hu mer 2 Gebaier: den ale Kino Cité (een Artikel), deen ewell Espace culturel Cité heescht (nach en Artikel), an an deem haut d'Stater Mediathéik dran ass (een Artikel) an uewenaus eng (physesch a fonktional) Verbindung mam Cercle-Gebaihuet(en eegenen Artikel), wou ënnert dem Numm Cercle-Cité (eegenen Artikel) Veranastaltungsraim verlount ginn (wann ech dat vu wäitem richteg verstaenen hunn)...-Zinneke 15:44, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Wann ech Dech richteg versti si mer eis eens:
dräi Artikele fir d'Gebaier, ee fir den Ensemble Cercle-Cité, ee fir den Zerkel an ee fir de Cité. Déi dräi Artikele si schonns do. Dernierft Artikele fir d'Bibliothéik am Cité, de Cityshoppingcenter, asw.
Fir datt mer net op dräi verschidden Diskussiounsäite laanscht enee schwätzen, hunn ech meng lescht Propos hei eriwwer geholl:
Ech proposéieren
Basis vu menger Propos ass d'Websäit vun der Stad Lëtzebuerg. --Cayambe 16:50, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien, nom leschte geréckels a Retabléiers hunn ech gemierk datt Historike verluer gaange sinn. Fir dat Ganzt korrekt ze rekuperéieren mussen e puer Aktione gemaach ginn déi e bësselchen Zäit kaschten gitt mer difir eng kleng Chance éier weidergeschafft gëtt. Ech muss dofir déi eng oder aner provisoresch Säit uleeëen déi duerno erem geläscht gëtt. --Les Meloures 17:00, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]