Diskussioun:Cercle Joseph-Bech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hunn e groussen Afloss op déi lëtzebuergesch Politik, mol an de verstoppten Text gesat. Nom duerchliese vun de Quellen a vun der Websäit, hunn ech bis elo näischt fonnt, wat drop hiweist datt iergendeng Prpopositioun vum Cercle réaliséiert gouf, oder datt se verhënnert hätten datt Projete sollten ausgeféiert ginn.

Doriwwer eraus gëtt hei vun Denkfabréck geschwat, am Ufank ënner dem Lemma think tank opgefouert. An enger vun den opgeféierte Quelle gi se éischter als Querdenker duergestallt.

Op hirer Websäit hu se eng Biographie vum Bech stoen, déi ech emol wéinstens als ganz subjektiv géif bezeechnen. Les Meloures 06:21, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech kinnt mer zwar virstellen dass, wann och kee groussen, e gewëssen Afloss besteet, awer net op d'Politik. Héchstens op d'politesch Usiichten vu vereenzelten CSV-Memberen. Wat déi zitéiert Quellen ubelaangt war héchsten déi éischt (d'Land) evt. intressant. Déi zweet (Méck) kann e wierklech net fir seriös huelen, eleng well se sech selwer schonn hannert dem Anonymat verstoppt. Bei der drëtter (Wiesel) handelt et sech ëm e Blog vun engem fréieren Uni-Student, dee mengt e wier nach ëmmer op der Uni an e misst sech och nach ëmmer esou behuelen. Also: Vu Seriositéit keng Spur. Den Text ass gutt verstoppt a kinnt, menger Meenung no, ganz erausgeholl ginn. --Pecalux 06:41, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Zum Afloss op d'Politik: Gemengefusioun, Ënnerminéirung vun der Tripartite a ganz einfach di Tatsaach, dass hei zu Lëtzebuerg en Afloss op d'CSV engem Afloss op d'Regierung gläichkënnt. Ceci dit, allmächteg si se natierlech net: och e groussen Afloss ass nëmmen Afloss (a keng direkt Muecht); vu Verschwörungstheorien haalen ech eh näischt. Ech wärd den Text also ofännere, fir dass et keng Malentendue ginn, a besser Quelle sichen; mee et séilt jiddferengem kloer sinn dass weder CSV nach de Cercle Joseph Bech heizou e klore Statement maache wärte: Kee wëllt zougi beaflosst ze ginn, a wann een Afloss äusübe wëll, mécht een daat och besser diskret. Baltshazzar 10:50, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Mol fir et ganz kloer ze soen,

Wann een diskret Afloss ausübt, an dat net wëll ëffentlech maachen, d.h. et gëtt guer keng Ënnerlag derfir datt se Afloss ausüben, kann dat net an an enger Enzyklopedie stoen. Hei sollen nëmmen Affirmatioune stoen déi vu jidderengem novollzu kënne ginn. Och subjektiv Pressestëmmen änneren näischt dorunner.

Les Meloures 11:14, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]