Diskussioun:Church of the Good Shepherd (Neiséiland)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Amplaz vum Altor huet d’Kierch eng grouss Fënster, duerch déi en op de Lake Tekapo an d’Biergkette Southern Alps mat der héchster Plaz dem Mount Cook ka kucken." Dat ass jo alles immens faszinant. Well ech nach ni eng Kierch gesinn hunn vun deeër een aus der Fënster op de Séi Tekapo kucke kann, mee ëm watfir eng Glawensrichtung geet et do? Oder huet den R. S. D. Harman och eng Relioun gebaut? A well mär anscheinend déi eenzeg Wikipedia sinn, déi en Artikel doriwwer hunn, wier et praktesch, wa mer eng Quell ugebuede kriten. Merci un all eis Theologen. --Cornischong 20:16, 3 Januar 2007 (UTC)

"Gudden Hiert"-Kierche ginn et wéi Sand um Mier; warscheinlech och eng ettlech an Neiséiland. Eng Spezifikatioun (Par, Uertschaft, ...) wier, mengen ech, néideg. --Zinneke 21:50, 3 Januar 2007 (UTC)