Diskussioun:Ciné Nord
Moien
Wéi huet en dann elo richteg geheescht? Den Nord mat klengem oder mat groussem N Les Meloures 18:42, 4 November 2007 (UTC)
Weder Ciné du nord nach Ciné du Nord: De Film E Fall fir sech gouf den 12. Abrëll 1984 am Kino Nord zu Wolz fir d'éischt gewisen. Hei geet et, wéi et schéngt, net op e Grappvoll un, a mat dem Ënnerschreiwen och net. :-) --Cornischong 18:38, 4 November 2007 (UTC)
Wann ech mer den neien Titel sou ukucken .............. --Cornischong 18:41, 4 November 2007 (UTC)
No enger halwer Stonn Getalks heescht en dann elo "Cine du Nord". Wierklech? --Cornischong 18:58, 4 November 2007 (UTC)
Wat wësse mer lo iwwer dee fréiere Kino? Wou en zu Wolz war? Wiem e gehéiert huet? Wéi grouss e war (Sëtzplazen)? Wéini en opgoung? Op e fir Scope ageriicht war? Datt en eng Zäitchen zou war? Mer wëssen, datt en "zu senger Zäit ee vun de gréissere Kinoen am Norde vu Lëtzebuerg." war. Schéin. --Cornischong 00:34, 5 November 2007 (UTC)
Eng Diskussioun ufänken iwwer Ciné Nord
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotze fir eng Diskussioun mat Aneren unzefänken wéi een Ciné Nord verbessere kann.