Diskussioun:Clint Eastwood

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dat hei soll mäin éischten Artikel gin, an ech wäert warscheinlech vill Hëllef brauchen. Fir d'éischt wollt ech mol den Text drasetzen an da mat der Formatéierung asw kucken. Myriam 09:04, 9 September 2005 (UTC)

Ma da looss et emol fluppen. Ech si gespaant, well et e ganz interessante Mënsch ass, deen och nach interessant Filmer mécht. Riicht dech an, wéi s de wëlls :-) --Cornischong 10:20, 9 September 2005 (UTC)

Merci, et as net nëmmen en interessante Mënsch, mee och e villbeschäftegten ;-)) ... mol kucken op ech dat hikréien, do get et eng Hällewull vun Informatiounen, déi sech och nach zum Deel widderspriechen. Ech fänke lo mol mat der Filmlëscht un (déi as och scho beandrockend), an da gesi mer virun. Bis dann :-) Myriam 12:07, 9 September 2005 (UTC)


Salu

Ech fannen et ganz flott datts du dech mat engem esou interressanten Personnage ewei dem Clint ofgëss. Et wir awer net schlecht, wanns du deng Lëschten am Artikel géifs un déi upassen, déi an deenen aneren Artikelen iwwer Acteuren a Regisseure gebraucht ginn. Kuck emol ënner Jacques Perrin, Michelangelo Antonioni oder John Carpenter.

Johnny Chicago 12:27, 9 September 2005 (UTC)


Dat kann ech maachen. Ech duecht ech géif jeweils den däitschen a franséischen Titel drënner setzen, well mer jo hei am Land d'Filmer haaptsächlech an der D an F Versioun ze gesi kréien, da gesäit een se direkt, mee ech kann se awer och op déi verlinkte Säit setzen. Fir de Rescht: mat den Opdeelunge wéi "Filmer als Regisseur" asw, do muss ech nach kucken, ech hun nach nët all Informatiounen zesummen. Wann nach eppes as sot mer Bescheed, wéi gesot et as mäin 1. Artikel. Myriam 13:14, 9 September 2005 (UTC)

Originaltitel[Quelltext änneren]

An der Lëtzebuerger Wiki schreiwe mir d'Titelen vun de Filmer nemmen am Originaltitel , ouni hir franséisch oder däitsch Iwersetzung, mir wëllen esou Topechkeeten evitéieren ewéi: Hibernatus dien dan op däitsch Onkel Paul die grosse Pflaume heescht.

'Also nëmmen den Originaltitel bei:däitsche, lëtzebuergesche,hollännesche, franséische, italieeneschen an englesche Filmer'

Bei russesche, japanesche, asw Filmer huele mer den Titel deen am meeschte gebraucht gëtt: däitsch, englesch oder franséisch.

Johnny Chicago 14:45, 9 September 2005 (UTC)

A wann net bekannt ass, op e russesche Film oder e japanescht Computerspill iwwerhaapt an eng aner Sprooch iwwersat gouf (wat dorunner leie kann, datt en effektiv ni iwwersat gouf), huele mer dann den transliteréierten Originaltitel oder iwwersetze mer deen Titel da selwer op Lëtzebuergesch? --Otets 15:36, 9 September 2005 (UTC)

Bei Filmer ass et bestemmt rar dat et keng Iwersetzunge gëtt, a moins dat et Filmer sinn déi nëmmen an hirem Land erauskoum sinn, bei Computerspiller mengen ech muss een dat vu Fall zu Fall décidéieren, wa wierklech keng aner Méiglechkeet do ass , musse mer eis selwer mat enger Iwersetzung hëllefen, wann ee aus der Lëtzebuerger Wiki déi Sprooch kann entzifferen.Johnny Chicago 18:29, 9 September 2005 (UTC)

Op d'Gefor hin dat ech mech lo erschloe loossen: ech fanne schon dat, wéi den Johnny Chicago seet, den Originaltitel soll zielen (A Merci, fir déi déi ménger Meenung sin)... Ech wollt just deenen eng Méiglechkeet gin eppes iwwert dee Film erauszefannen (och wann se nët den Originaltitel kennen) deen se iwwert de Clint iwwert Tëlée kennen. (Johnny Chicago, 'oder sin ech der do an de Virgäertche getrëppelt? ' Myriam 21:47, 9 September 2005 (UTC)

Salu

Ech mësche mech net méi an dein Artikel, duerfir hun ech de Cornischong gefroot den Artikel ërem op deng Versioun zrëckzesetzen. Schreiw du den Artikel esou wéis du e fir richteg fënns.Johnny Chicago 22:09, 9 September 2005 (UTC)


Salutti, méng Famill an ech sin den Ament all erkaalt (an dat am Congé!), duerfir hun ech elo kee Kapp fir um Artikel virun ze schaffen. Ech huelen mol provisoresch d'Schëld ewech, an hoffen dat ech an e puer Deeg rëm a voller Form do sin. Bis geschwënn, Myriam 09:10, 13 September 2005 (UTC)

Ech sin erem do, nach net sou ganz a Form, awer scho vill besser. Ech hoffen dat ech deen Artikel hei nach muer iwwerschaffe kann, da gesi mer. Bis geschwënn. Hun ech eppes verpasst? Myriam 00:17, 18 September 2005 (UTC)

"nach net sou ganz a Form": - A wien ass ëm dës Auerzäit schonns "ganz a Form". Verpasst hues de näischt. Ech hu mer an der Tëschenzäit emol de "Million Dollar Baby" ugekuckt. Da sinn ech a Form fir däin Artikel ze genéissen. Looss et rullen. --Cornischong 00:22, 18 September 2005 (UTC)

Also no all deenen Diskussiounen déi ech hei um Stamminet gesin hun (wouvun ech éierlech gesot a punkto Lizenzen net alles ganz verstan hun) trauen ech mech jo lo mol guer net méi hei nach eng Foto eran ze setzen ... Myriam 16:00, 18 September 2005 (UTC)

Tjo, wann den Eastwood net niewent denger Bomi an Amerika wunnt, oder wann s de hien net dëslescht um Knuedler begéint hues, da kéint et enk ginn. Déi engleschsproocheg Wiki schafft mat zimmlech luschen Tricken. Mee tréischt dech, wann ech mam Auto fueren, hunn ech ëmmer de Knipsomat bei mer; wann ech en eng Kéier gesinn, déi éischt Foto ass fir an däin Artikel :-). Am Eescht: Tréischt dech, déi Meeschte wëssen, wéi de gudde Mann ausgesäit an de Rescht kucke mer mat Linken ze regelen. - "a punkto Lizenzen net alles ganz verstan hun" : Deen Éischten, deen s de begéins, deen de Wischiwaschi mat de Lizenze ganz verstanen huet schécks de bei mär laanscht. --Cornischong 16:27, 18 September 2005 (UTC)

Schon am viraus Merci fir d'Foto vum Clint wanns d'en dann emol begéins, awer net dat s de mer dann nach mat Lizenztricken an sou kënns ;-)) Myriam 16:33, 18 September 2005 (UTC)

Johnny Chicago komesch dat s du grad haut dru kniwwele gees, ech hat lo no laanger Zäit lo mol rëm d'Geléenheet fir op de Wiki ze kommen a war och grad an den Artikel kucken op et eppes Neits get. Ech muss soen ech hun den Ament net vill Zäit fir vill nozesichen. All Hëllef as wëllkomm, mee dat as jo och de Prinzip vum Wikipedia ... Myriam 00:08, 15 Oktober 2005 (UTC)