Diskussioun:Cool Feet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

hun den artikel mol erstallt, well ech fannen dass deen absolut noudwendeg hei ass.

cool feet huet dach awer an den leschten joren e bessen zur identiteitsbildung vun de letzebuerger baigedroen, ob een daat lo gudd fennt oder net.

hun leider selwer net vill informatiounen, par contre geif ech deck gär hei mei iwwer cool feet liesen.

Durfir mol direkt eng Fro ee mer hei weiderschaffen : Ass et Cool Feet oder Cool feet. Fir unzefänken soll jo den Artikel mol de richtege Numm hunn Les Meloures 00:52, 12 September 2006 (UTC)

Dann nach eng Informatioun: Am Prinzip wann een sou en Artikel ufänk soll ee schon bësselche méi wëssen. Et gëtt am algemengen sou verfuer dass deen deen een Artikel opmecht en och schreiwt, an nit fir méi gewuer ze ginn. Mer haffen dann emol elo hei dass een sech deem Artikel senger erbaremt an en e bësselche weider ausbaut.

An der Zukunft wier et flott wanns de een Artikel ufängst selwer eppes driwwer ze schreiwe weest. Mee wéi gesot elo mol wann ech gelifft eng korrekt Informatioun iwwer de Numm vun der Grupp soss gesinn ech schwarz fir den Artikel Les Meloures 01:07, 12 September 2006 (UTC)

Wierklech?[Quelltext änneren]

"De Jean-Claude Juncker huet iwwert si gesot:" - Wierklech? Mat esou Behaaptungen ouni iergendeng Quell fänke mer léiwer net un! --Cornischong 08:51, 12 September 2006 (UTC)

"Si wore virun allem an de 90er Joeren zimmlech aktiv an der Lëtzebuerger Museksszen" Ech kenne mech guer net aus an deeër Zeen, awer wa mer mol net d'Nimm vun de Museker hunn, dann retten eis Sätz wéi dee virdrun och net. --Cornischong 08:59, 12 September 2006 (UTC)

100.000 verkaaften Alben?(!)[Quelltext änneren]

Moien, ech hun op dem site (www.hesper-fester.com) gelies, datt Cool Feet iwwert 100.000 Alben verkaaft hunn. Ass daat méiglech?!? Bdx 19:17, 6. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]