Diskussioun:Diego Velázquez

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ma dat ass jo grad dat, wat ech gefaart hat. Elo steet en onschaarft a käregt Bild, wat an dëser Form gräisslech ass, uewen op der Haaptplaz, an déi aner stinn als Timber an einger Rei. Ech fannen dat Getimbers wierklech ällen an zimmlech iwwerflësseg. Dann zur Gallery: Eaou laang wéi d'Biller net fir jiddereen ze gesi sinn, gëtt dat Ganzt mär kee Sënn. Ech hat schon d'Fielser Gare (am Artikel Fiels (Gemeng)) uewen higesat well ech gefaart hat, d'Foto vun der Buerg géif uewen als Timber landen. Bis elo hunn ech mer alt e bësen eppes drop agebild, d'LUXWiki géif Wäert op eng uerdentlech Illustratioun leeën. --Cornischong 16:13, 15 Mee 2005 (UTC)

Dat Bild, wat uewen op der Haaptplaz steet, dat ass de Moler selwer, ëm deen et an dësem Artikel jo schliisslech geet. Datt d'Foarw do mat der Zäit ugefaangen huet, erofzespläiteren, dat ass effektiv net super, mee fir eng Foto vum Personnage opzedräiwen ass e wéineg onméiglech. Ech weess, datt s du géint Getimbers bass, mee hei hu mer méi Biller wéi Text am Artikel, do hunn ech geduecht, do géifs de dann noutgedrongen eng Kéier op d'Zänn bäissen. D'Illustratioun ass jo net komplett bäi der Däiwel: et kann ee jo all Bild ganz grouss gesinn, wann een drop klickt (wou besonnesch d'ISDN-Surfer frou driwwer dierfte sinn). Allez, just fir dës Kéier... --Otets 23:09, 15 Mee 2005 (UTC)

Ok, ok. Prinzipiell fannen ech (besonnesch an Artikelen wéi deen heiten, wou mer an de Biller ersaufen)déi Saach mat der Gallerie eng gutt Saach! Sou kann een vill Biller op eng Säit kréien, ouni datt dat Ganzt iwwerlueden ass. Dat dozou. Haut den Owend hunn ech mol nees eng Kéier déi horizontal Biller op der Otets- an der Alexandra-Säit gecheckt mat engem anere Mataarbechter (all IE 6) Nodeems mer no an no tëscht "jpg." an "JPG." hin an hiergeschalt hunn, woubäi déi verréckteste Resultater erauskoumen (dobäi koum et zum Deel zu NET reproduzéierbare "Effekten", sinn ech elo der fester Iwwerzeegung, datt et ëm e Bug geet, dee sech awer bis elo nëmme gewisen huet beim Eroplueden vum Otets an Alexandra, déi jo déi Fotoen, ëm déit hei geet NET mat IE6 eropgelueden hunn (wann ech mech richteg erënneren). Den Opzännbäisser --Cornischong 23:39, 15 Mee 2005 (UTC)