Diskussioun:Diks

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien. Bei der Photo steet Mechanesch Diksen. Ginn et och anerer? --Meck Besser 14:41, 16 Juni 2007 (UTC)

Gudde Moien
Dës Fro gouf um 14:41 gestallt. (Zäit vun der Talksäit). Zënter 13:57 war dat schonns geännert an et stoung stoung net méi mechanesch Diksen ënner der Foto well ech mer och d'Fro iwwer déi Ausso gestallt hat . Les Meloures 16:34, 16 Juni 2007 (UTC)

Zum Thema "Diks"[Quelltext änneren]

Den Diks war fréier an ass och haut nach ëmmer en typescht lëtzebuergescht Wuert fir en Eisebunns-Signal ze bezeechnen. Beim Eisebunnsjargon muss een ëmmer bedenken, dass bis virum Krich 2 gréisser Eisebunnsgesellschaften hei aktiv waren: De Guillaume-Luxembourg (GL), wat eng däitsch Gesellschaft war, an de Prince-Henri (PH), wat eng franséisch Gesellschaft war. Doduerch hun d'Fach-ausdréck, déi et bis dohinn nach net an eiser Sprooch goufen, sech och aus deenen 2 Originalsproochen entwéckelt. Beispill Signal: Um GL ass eng "Scheif" gesot ginn an um PH den "Diks".

Haut gëtt den Terme "Diks" praktesch net méi profitéiert, d'"Signal" huet sech duerchgesat, mee d'"Scheif" gëtt et awer och nach, onofhängeg dervunn op et e mechanescht oder en elektrescht Signal ass an onofhängeg dervunn op eng Streck elektrifizéiert ass oder net. D'Elektrifikatioun vun den Eisebunnsstrecken hat an huet absolut näischt mat der Signalisatioun ze dunn. --Pecalux 06:32, 18 Juni 2007 (UTC)