Diskussioun:Dillendapp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"sech ... ronderëm sech selwer dréit": Sech ronderëm sech: Ech ginn dovun aus, datt et "sech" dobäi ëm e schizophreent Spillgezei "dréit"; wéi kéint et sech soss ëm sech selwer dréien. A wat deet et goen? Vläicht ass dat e Perpetuum mobile oder 't ass e Motor dran? --Cornischong 09:10, 7. Abr 2008 (UTC)

Oder gëtt den Dapp mat Musek ugedriwwen? --Cornischong 09:20, 7. Abr 2008 (UTC)


Moien,
Dat heite liesen ech um Stamminet: Datt déi Persoun der elo op d'Nues kritt, well se sech erlaabt huet, e puer Saachen, déi stëmmen (!!) eranzesetzen, fannen ech, looss mer mol soen, "komesch".
Abbee ech fannen et komesch datt iwwer Saachen déi stëmmen dann nach muss diskutéiert ginn, an nach Froe gestallt ginn. War dat an den aneren Artikele déi de selwechte User dragesat huet dann anescht, oder däerf nëmmen ee Benotzer Froe stellen? Les Meloures 10:22, 7. Abr 2008 (UTC)
Extra fir déi, déi dat net esou "verfollegt" hunn. Dat iwwer de schizophrenen Dapp stoung guer net am "Urtext". Wat seet dat eis? Fir d'éischt liesen, an dann Dsikussiounssäite fëllen. --Cornischong 10:35, 7. Abr 2008 (UTC)
Den Zinneke huet verstane wat ech bei menger Nuetschicht ausdrécke wollt, elo steet et also richteg do an de Problem ass aus der Welt. De Wiki-Prinzip lieft! --Otets 14:52, 7. Abr 2008 (UTC)


Nach eng kéier Moien just wéinst der Frëndlechkeet déi schonns esoudacks kritiséiert gouf.
Ech setzen dat Ganzt erëm op den Urtext zréck. Da bleiwen awer nach déi aner zwou Froe vum Cornischong déi de Grond vu menger Bemierkung waren.
1) Vläicht ass dat e Perpetuum mobile oder 't ass e Motor dran?
2)Oder gëtt den Dapp mat Musek ugedriwwen?
Si meng Bemierkungen a Froen déi ech bei den aneren Artikele gestallt hu manner berechtegt? Les Meloures 10:50, 7. Abr 2008 (UTC)
Hei sinn all Froe berechtegt! Schliisslech ass scho vill Positives geschitt mat dem Artikel. An et fanne sech ëmmer Leit, déi "iwwerschaffen" driwwersetzen, déi Interwikilinken derbäisetzen, déi e Bild drasetzen, déi driwwer talken, asw. Et feelt just nach eng Definitioun. Vläicht di mer gutt drun, déi ripoaresch ze huelen. Déi ass sou wëssenschaftlech. --Cornischong 11:46, 7. Abr 2008 (UTC)


Moien,
Perséinlech hunn ech nach keen Dillendapp gesinn deen esou fonktionnéiert wéi en hei beschriwwen ass, an dee Musek mecht. Sou wäit wéi ech weess stinn déi Däpp déi Musek maachen op engem feste Fouss deen net matdréint, an e gëtt duerch eng Spiralachs ugedriwwen. Ob een déi och Dillendapp nennt weess ech allerdéngs net.
Hei emol den Artikel doriwwer an der däitscher Wiki.
Les Meloures 13:27, 7. Abr 2008 (UTC)