Diskussioun:Dschingis Khan

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'UDSSR hat 22.402.200 km², muss ee si dann net als flächeméisseg gréissten Imperium ugesi, vu datt d'Mongole just op 19 Milliounen km² komm sinn?

Eischtens war d'Sowjetunion keen Imperium am klassesche Stil, an 1260 woar d'Mongolereich 33 mio km² grouss. Mee bon, ass sujet à débattre.

Vergläicher, déi hippen[Quelltext änneren]

Ech hunn emol de Verglach mat der Sowjetunioun erausgeholl. Merci fir d'Remarque. Nach eng (Remarque): Jiddereen (!) däerf hei eppes änneren. Wann Een eppes fënnt, dat falsch ass, däerf (soll) e roueg dran ännere goen. --Cornischong 10:15, 13 Mäe 2005 (UTC)

Alleguer ???[Quelltext änneren]

"Hien huet all mongolesch Stämm vereenegt"
Wann ech an der däitscher an an der franséischer Wikipedia kucken, da stinn do aner Saachen. --Cornischong 10:29, 13 Mäe 2005 (UTC)

Alleguer ass relativ. Ech sinn mer secher, dass KEEN iwwerhaapt genau wees wéivill Stämm et goufen, ergo och kee ka wessen op déi alleguer dem Temudjin gefollegt hunn. A ganz secher ass jo och, dass den Dschingis Khan direkt am Ufank scho quasi ee Brudderkrich mat dem Jamukha huet misste féieren. Also, w.e.g. net alles op d'Goldwoo léen. Emmerhin ass den Temudjin zum Khan gewielt ginn, an de Khan woar eeben de Chef vun allen Stämm. (den Hitler woar jo och zum Chef vun allen Déitschen gewielt ginn, an do waren der och e puer drënner déi dat net esou cool fond hun).

An natiirlech ka jiddfereen änneren a verbesseren (oder verschlimmbesseren) goen. Merci un deen, dee meng Schreiwfehler verbessert ;-)

Nuechti 11:58, 13 Mäe 2005 (UTC)