Diskussioun:Edmond de la Fontaine

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei sti "komesch" Behaaptungen. Ausser der Saach, datt den Dick keng Kanner gehat hätt, ass ze liesen: " ...Stadbriedemes. Hien huet am Schlass, wou hie mat senger Fra Pauline Dutreux geliewt huet, eng Textilfabrik bedriwwen." An der Dicks Gesamtwierk-Editioun liesen ech ënner 1858 "Errichtung einer Weberei in Remich .." an "1873 Versteigerung der Weberei in Remich". An dobäi ass den Dicks eréischt 1866 an d'Schlass erageplënnert (!). -- Cornischong

Wow, do schéngt een e Wëssen ze hu mat deem en eisen Artikel verbessere kéint... Well déi zitéierten Textquell léisst jo keen Zweifel méi zou, oder? --Otets 14:10, 6 November 2005 (UTC)

Déi "komesch" Behaaptungen stamen aus dem Buch "Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes" vum Dr. P.J. Muller, Korrespondierendes Mitglied der historischen Sektion des Grossherzoglichen Instituts, 4. Oplag vun 1968. Hei steet geschriwwen op der Säit 280: "1867 - 1870. - In Stadtbredimus stand unser Nationaldichter Dicks der Ortschaft als Bürgermeister vor; er besaß dort eine Textilfabrik, und zwar im Schloß, wo er mit seiner Gemahlin, Pauline Dutreux, wohnte. Die Ehe blieb kinderlos." An esou steet et och am Artkel. --Carlos 08:39, 7 November 2005 (UTC)

" ..So versuchte er sich deen, dem Zug der Zeit folgend, auf industriellem Gebiert und errrichtete in Remich eine große Weberei, die etwa 50 Webstühle beherbergte. .." Fernand Hoffmann, "Geschichte der luxemburger Mundartdichtung, Erster Band", Säit 123. --Cornischong 09:51, 7 November 2005 (UTC)

Den Här Buergermeeschter Bonifas vu Stadbriedemes huet mer lo just confirméiert, datt am "Schlass" keng Wiewerei war, mee dat dem Dicks seng "Fabrik" zu Réimech war, an zwar am Gebai vun de "Caves St Remy" vun der Famill Desom. Doropshin hunn ech mam Här Georges Desom geschwat, dee mar dat confirméiert huet, a mer sot, um Gebai hänkt eng Plack déi dat ernimmt. Wann ech eng Kéier an der Géigend sinn, wäert ech op de Knäppchen drécken. --Cornischong 10:34, 7 November 2005 (UTC)

Fotoen verschwannen[Quelltext änneren]

Ech hun hei 2 Fotoen beigesaat an déi verschwannen ëmmer nees.

Dicks_stierwhaus.jpg

Dicks_stierwhaus_plaque.jpg

Machen ech eppes falsch oder sin déi vläischt nët erwënscht?

--Christian Ries 10:55, 28. Mäe 2008 (UTC)

Elo sin se rëm do :-)

--Christian Ries 10:56, 28. Mäe 2008 (UTC)

Salut,

Dat ka virkommen, dann ass de Problem op de Wiki-Serveren. Meeschtens geet et no epuer Minutten an d'Rei. Wann et méi laang dauert, einfach emol en Dag warden an dann erëm kucke goen. Les Meloures 11:09, 28. Mäe 2008 (UTC)


OK, villmols merci fir déi séier a frëndlech Äntwert

--Christian Ries 11:20, 28. Mäe 2008 (UTC)

Moien, en anere Grond, firwat Biller am Artikel (als 'Thumbnail') net ze gesi kënne sinn, kann un den "Internet-Security"-Programmer leien, déi een huet: verschiddener ënnerdrécken z.B. Biller mat engem bestëmmte "px-Ratio" (z.B. 120x90px). Dacks hëlleft et, wann een am Plaz enger Ronner Zuel 1 px manner ugëtt: 119 amplaz 120 z.B. --Zinneke 12:28, 28. Mäe 2008 (UTC)

Den Numm Dicks[Quelltext änneren]

De Mulles60 huet virun enger Zäit geschriwwen: De Spëtznumm Dicks krut hien, wéi en däitsche Politiker bei sengem Papp op Besuch war. Wéi deen de klengen Edmond am Haus spille gesinn huet, frot hien: "Was ist denn das für ein lustiges Dickeschen?" Vun deem Dag un, hunn seng Elteren hien Dickeschen genannt, wourauser spéider Dicks gouf. — Déi Geschicht leit op der Ligne vun deenen, déi ech an den Artikel gesat hunn. Ech hat se gestrach, well keng Quell dobäi war. Sollt déi disponibel sinn, da gehéiert dës xte Versioun vun der selwechter Seechen natierlech och, awer mat der entspriechender Referenz, op dës Säit. --Jamcelsus 16:16, 16. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]