Diskussioun:Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass do nët och een Deel op Beesleck gaang? Les Meloures 15:37, 31 Oktober 2006 (UTC)

Iwwer Beeslek féiert d'Streck Ëlwen-Gouvy. --Tomateus 08:15, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Lo wou dësen Artikel vun Eisebunnsstreck Ëlwen - belsch Grenz op Eisebunnsstreck Ëlwen - Sankt Vith ëmbenannt ginn ass, stëmmt d'Längt vun der Streck vu 6,94 km net méi. Wees een d'Längt vun der ganzer Streck? --Tomateus 08:00, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Am Detail[Quelltext änneren]

  • St-Vith: p.k 88,9
  • Lommersweiler: p.k 95,1
  • Reuland: p.k 99,9
  • Oudler : p.k 104,9
  • Lengeler: p.k. 108,4
  • B-L Grenz pk. 111,4

Les Meloures 10:30, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Am Total[Quelltext änneren]

Dat mécht am Total, wann ech richteg gerechent hunn, 29,44 km --Pecalux 11:24, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Den Artikel ass hei[Quelltext änneren]

Wou den Artikel ass wees ech och. Awer hei gouf eng Fro gestallt an hei gouf drop geäntwert. Les Meloures 12:06, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Dann nach eng Fro:

Am Artikel steet si wir zu Lommersweiler vun der Vennbunn forgaangen.

Am de: Artikel Vennbahn gehéiert se zu der Vennbunn.


Zweet Fro:

Wann déi heite Streck Ëlwen-Sankt Vith heescht, wéi maache mer et mat Kautebaach - Wolz, déi jo och bis op Baaschtnech-Süd gaangen ass. Maache mer do e sonneren Artikel Wolz - Baaschtnech. ?


Dës Streck ass net zu Lommersweiler vun der Vennbunn ogaangen. Dës Streck war een Deel vun der Vennbunn an hat bei der SNCB vu Sankt Vith bis op Lengeler Linnennummer 47. Vu Lommersweiler ass d'Linn 46 op d'däitsch Grenz op Steinebrück gaangen. Les Meloures 08:57, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Nëmmen nach Behaaptungen?[Quelltext änneren]

"Dës Streck ass net zu" ..... "Dës Streck war ....": - Mär hunn hei eng "geféierlech" Manéier, mat "Fakten" ëmzegoen. Deen ee schreift eppes an en Artikel an deen aneren schreift, dat wier guer net wouer. Dat ass alles flott, mee "esou" komme mer, fäerten ech ganz, net weider. Et gëtt sou lues ustrengend hei, déi Zäit, déi ee kéint dozou gebrauchen, fir mol en Artikel ze schreiwen, leeft een deem engem hannendrun, deen amgaangen ass Fotoen a Këschtercher ze verpaken, deem aneren, dee kolossal Interessantes ze verbreeden huet (iwwer d'Madame Mayrisch) mol ze soen, et wier net schlecht, mol Quellen unzeginn, an nach engem, dee chronesch alles fir sech hëlt, mol z'erklären, datt et ausser him nach Leit op der Wiki ginn. --Cornischong 10:42, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Wann een net kann dermatt liewen da gëtt vu Behaptunge geschwaat[Quelltext änneren]

Ma d'Fakte stinn dach hei uewendriwwer. D'Streck huet vu St. Vith un déi selwecht Linnennummer bis op Lengeler. Also zweigt se tëscht St. Vith a Lengeler net vun enger anerer of, soss hätt se hir Linnennummer eréischt vu Lommersweiler un.

Et ass d'Linn 46 déi zu Lommersweiler ofzweigt an dann op Prüm an op Gerolstein féiert oder villméi gefouert huet an déi huet an Däitschland Westeifelbahn geheescht.

Les Meloures 11:09, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]