Diskussioun:Encyclopædia Britannica

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Encyclopaedia Britannica ass eng brittesch Enzyklopedie déi am Joer 1768 an hirer éischter Oplo erauskoum. Si gouf vum Andrew Bell a Colin Mafarquhar publizéiert.

Et ass zwar keng brittesch, a se koum och net 1768 an enger éischter Oplo eraus an den Mafarquhar heescht och net Mafarquhar, mee soss schéngt awer alles an der Rei ze sinn. --Dat Krappegt vu Sëll 18:52, 14 Mäerz 2007 (UTC)


Gudde Moien eleng wéinst der Héiflechkeet déi vun dem Krappege vu Sëll reklaméiert gouf.
De Mafarquhar war en Tippfeeler dee verbessert gouf.
En Dictionnaire bekannt ënner dem Numm Larousse seet wuel datt d'Encyclopaedia britannica eng brittesch Enzyklopedie ass an datt se vun 1768 un erauskoum. Wéi d'Besëtzverhältnesser haut genee sinn weess ech leider net an dofir muss ech hei op de Saz verweisen deen iwwer dem Artikel steet:
Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Les Meloures 20:09, 14 Mäerz 2007 (UTC)


En Dictionnaire bekannt ënner dem Numm Larousse seet ... D'Verlagshaus Larousse huet zwar schonns Honnerte vu Bicher publizéiert, an deenen een eppes noschloe kann, awer sécher nach keent mam Numm Larousse. Et ass mer natierlech net onbekannt, datt et Leit ginn, déi alles Larousse nennen, wat tëschent Buchdeckelen ass, op Franséisch ass an alphabetesch klasséiert ass. Da muss d'Britannica jo och brittesch sinn, et steet jo grouss drop. Datt d'Britannica 2007 och nach eng "nei" Oplo erausgëtt, huet mech berouegt; ech hat dat Schlëmmst gefaart. D'Liewen ass einfach. --Dat Krappegt vu Sëll 20:52, 14 Mäerz 2007 (UTC)
Gudden Owend
thunb
thunb
Vläicht iert d'Verlaagshaus Larousse sech da selwer wann se dat op hiren Dictionnaire schreiwt. Les Meloures 21:12, 14 Mäerz 2007 (UTC)
Vläicht iert d'Britannica sech och wann se déi nei Oplo 2007 wëllt verkaafen.
Oplo 2007