Diskussioun:Enkel (Anatomie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Kleng Prpopose:

Am DFL gëtt deen Deel, an éischter Rei Knéchel genannt. Dat géif ons och d'Homonymie erspueren.

Les Meloures 18:02, 9. Okt 2008 (UTC)

Just datt ech mech froe wéi déi Knéchler do drop koumen, mär ass dialektiwwergräifend just Enkel fir deen Deel vum Kierper bekannt. En plus ass et e ganz bekannten Däitschfehler vun de Lëtzebuerger fir "ich habe mir den Enkel verstaucht" ze schreiwen, dat ass jo net einfach aus der Loft gegraff dat Ganzt. Wann zwou Méiglechkeete bestinn, da sollt een eis Sprooch net och nach andäitsche mee dat wat just eises ass halen. De Redirect vu Knéchel besteet jo schonns. Am beschte mer huelen dem Cornischong seng Propos u fir et an "Enkelkand", "Enkel" an "Enkel (Homonymie)" opzedeelen. --Otets 19:43, 9. Okt 2008 (UTC)

Salut,

De Redirekt vum Knéchel hat ech net gesinn. Ech hu mer deen emol ugekuckt. Menger Meenung no steet deen och komplett falsch, well e verweist op d'Homomonymie. Les Meloures 20:18, 9. Okt 2008 (UTC)

Ech hunn de redirect op déi momentan Säit ëmgeleet. Spéider (a 6 Deeg) gëtt e jo automatesch à jour gesat wa mer dësen Artikel réckelen. --Otets 21:42, 9. Okt 2008 (UTC)

Remoien,

Ech ka mech dem Cornischong senger Meenung nëmmen uschléissen, well de Begrëff Enkel am Sënn vum Kanskand géif sech jo nëmmen op dat männlecht Kanskand bezéien. Les Meloures 20:29, 9. Okt 2008 (UTC)

Gudde Moien,
meng Meenung ass zwar net wichteg, mee ënner "Knéchel" hunn ech ëmmer nëmmen déi Stécker Schanke verstan, déi lénks a riets um Enkel eng Knupp bilden, änlech wéi bei de Knéchele vun der Hand (well déi ginn och "Knéchel" genannt). Ënner "Enkel" verstinn ech dat ganzt Foussgelenk. --Pecalux 06:24, 10. Okt 2008 (UTC)

Nodeems ech an anersproochege Wikiën nogekuckt hunn kommen ech zu follgendem Schluss:
En Enkel (Anatomie) heescht op fr cheville, op de Sprunggelenk, op en ankle, op nl Enkel an op es tobillo.
E Knéchel heescht op fr malléole, op de Knöchel, op en malleolus an op es maléolo.
Fazit: Enkel (Anatomie) ass dat ganzt Fouss- oder Spronggelenk. Knéchel ass déi "Knupp", déi d'Mediziner Malleolus nennen.
--Pecalux 10:05, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Schéin, nodeems mer dann elo gewuer si ginn, wéi e Knéchel op es heescht a watfir Stécker Schanken de Pecalux dorënner verstanen huet, kéinte mer eis dann esou lues begannen, mat den Anatomiesartikelsäiten weider ze maachen. --Cornischong 10:39, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Kee Mënsch hënnert dech drunn. --Pecalux 11:13, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]