Diskussioun:Eppelduerf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Luxpost-Allüren[Quelltext änneren]

De 6. Abrëll um um 18.42 mellt sech een "FFraenz" hei un. 1 (eng) Minutt drop (!!) gëtt e schonns begréisst. Alles wat déi Persoun hei vu sech gëtt, si ganz bëlleg Reklammsspréchelcher ouni "Kapp a Schwanz". Dat schéngt awer weider keen opzereegen. Haut hëlt dann endlech een dee Kabes eraus. Dorënner de Saz " Et ass e klengt, rouegt Duerf matt ronn 180 Awunner." Dobäi ass ze soen, datt an der Uertschaftskëscht vun 176 Awunner Rieds geet. Et dauert keng Minutt, a schonns ass dee Saz mat de "ronn 180 Awunner nees dran". Gi mer dofir bezuelt? freet sech de --Cornischong 07:54, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech weess net wéi déi Awunner erëm dra koumen, op jiddfer Fall wollt ech déi net méi dran zrécksetzen. An d'Bëscher déi ech wollt eraushuelen goufe bei engem éischten Ulaf net mat erausgeholl. Wat d'Bezuelen ugeet do muss ech mech och bekloen, d'Prime gëtt all Dag meéi kleng.
Les Meloures 08:06, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Hallo,
Esou wei ech dat gesin sollt ech da wuel meng Fangeren dovu loossen. Ech hat net geduecht dass wann een eppes hëllefe wéilt, een hei sou rof gemeet gëtt. Mat mengen 15 Joer kréien ech jo keng anstänneg Saachen op d'Been gestallt. Gutt. Dajee alt. Mir ass et dann och egal.
FFraenz 10:19, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Dat schéngt awer weider keen opzereegen. Haut hëlt dann endlech een dee Kabes eraus.
Meng Fro: Wou war deen da gëschter de ganzen Dag?.
Gëtt hei elo erëm mang Fanger op Leit gewisen déi de ganzen Dag aner Verbesserungen an Artikele gemaach hunn.
Mussen déi dann alles maachen?
Les Meloures 08:32, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Dee war gëscht "op der Musel". An dat fir déi drëtte Kéier an enger Woch. Datt mer mol endlech eppes Valabeles vu Meechtem, On, Nëttel, Wuermer opweises hunn. Dat schreiwen ech awer nëmmen, well hei ee mengt hie misst deenen Anere virschrewien, wou se sech sollen ophalen. "Mussen déi dann alles maachen?" Wéi et schéngt, musse se de Reklammsmécher e schéine gudde Moien wënschen. Fir ze mierken, datt ee Luxpostallüren hei opféiert war et wuel mat der Zäit net méi guergaangen. A fir an Zukunft: Et geet, esou guer dem Les Meloures, näischt un, wou Anerer sech ophalen. --Cornischong 09:04, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Mussen déi dann alles maachen?[Quelltext änneren]

Neen, déi mussen näischt maachen! Se mussen esouguer hei net de beleidegte Fuerz spillen. A besonnesch net, wa kee se ugesprach huet. Et wäert wuel déi Saach mat dem Steen an dem Trapp Honn sinn. --Cornischong 09:09, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Neen,

Et geet einfach drëm, datt all Kéiers esou déck Spréch geklappt, a mam Fanger op aner Leit gewise gëtt. An deng Fierz kanns de der och spueren. A meng och net, aner Leit géife keng Fotoe maachen. Vun deene sinn der och an de leschte Wochen duerch d'Éisleck gefuer fir e puer valabel Biller vun Uertschaften ze maachen, an net iwwer breet Landstroosse laanscht d'Musel, mee duerch knubbeleg Feldweeër, fir eng dutt Vue op en Duerf ze kréien.

Wat de Steen am Koup Hënn ugeet, kann ech der just soen datt ech mech net perséinlech ugesprach gefillt hunn, mee dat ech déi Bemierkung am Numm vunn alle Benotzer gemaach hunn déi hei matschaffen, an déi duerch deng defaitistesch Bemierkungen all Dag méi d'Flemm kréien.

Dat hues du anscheinend nach net gemierkt. Mee et brauch en nëmmen ze kucke wéivill Leit nach Artikele mat méi wéi zwéi Sätz maachen, ouni se den anere Leit als Trainingsfeld ze hannerloosen. Soss hat mer alt emol eng Moyenne vu ronn 500 Artikelen am Mount, elo sinn et der 500 an 3 Méint. Dovunner ginn der aleng eng ronn 300 op de Kont vun nëmmen 2 Mataarbechter. Dat seet genuch.

Les Meloures 10:32, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Ps
Ech kann der och nach soen datt et mär perséinlech, och méi vill Spass mécht doruechter Fotoe maachen ze fueren, wéi deeglaang Feeleren ze verbesseren. An 99 % ginn ouni dichtege Kommentar verbessert.
Les Meloures 10:43, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Feeleren[Quelltext änneren]

"och méi vill Spass mécht doruechter Fotoe maachen ze fueren, wéi deeglaang Feeleren ze verbesseren": Ech fueren doruechter, sou vill wéi ech grad Loscht hunn! An dat ouni hei missten een ze froen. A fir "Feeleren ze verbesseren" misste mer vläicht méi Leit hunn, déi wëssen, datt de Plural vu "Feeler" net "Feeleren", awer "Feeler" ass. Merci fir d'Gespréich. --Cornischong 11:10, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Ok.
Ech wäert dann mol versiche mech anescht ze formuléieren a méi informativ Sätz ze schreiwen a keng duebel Saache méi ze maachen, nëmmen dass d'Säit no méi ausgesäit. Déi sougenannt Reklamm déi ech bei de Linken gemaach hun wäert ech da wechloossen. Biller wäert ech eroplueden esoubal ech berechtegt dozou si. Entschëllegt fir déi kleng Ausernanersetzung. Bis dann.
FFraenz 12:55, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
@Cornischong,
Hunn ech där verbuet fir iergendwou hinzefueren? Ech hunn dech just drop opmierksam gemaach, datts du net den Eenzege bass dee Fotoe maache fiert. Ech sinn allerdéngs frou datts de mech op de Plural vun de Feeler opmierksam gemaach hues. Et war mer och opgefall, awer et war just eng meng Mëttespaus gefall, déi ech jo sécher wéi all anere Benotzer zegutt hunn, an hunn et dofir net direkt verbessert. Ech huelen datt d'Direktioun mer dat net fir iwwel hëlt.
Les Meloures 11:53, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Dann nach eppes,

Wanns du hei kee bauzege Kommentar ugefaangen häss, wier dës Sät nach eidel.

Les Meloures 11:55, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Nee wéi schéin ass et awer an der Wikipedia-Spillschoul. Et ass e Genoss dësn Discussioun ze suivéieren, souguer waan se eigentlech nàischt mat Eppelduerf ze din huet. --83.99.126.237 15:28, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

"Note suppl : IP address: 83.99.32.35 = Location: Eppeldorf, LUXEMBOURG Host name: ip-83-99-32-35.dyn.luxdsl.pt.lu."