Diskussioun:Eugène Berger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Eugène Berger als eenzegen Lëtzebuerger op der Spëtzt vum Mount Everest?[Quelltext änneren]

Am Artikel ass ze liesen 1992 ass en als bis ewell eenzege Lëtzebuerger op d'Spëtzt vum Mount Everest geklommen.

Dat schéngt net esou ze stëmmen. Niewent dem Eugène Berger, deen den 1. Oktober 1992 dat Zil ereecht huet, misst de Philippe Perlia, deen och als Lëtzebuerger an der Lëscht Quell gefouert gëtt, dat och fäerdegbruecht hunn an dat den 22. Mee 2001. De Philippe Perlia (gebuer den 1. Dezember 1955) ass de 15. August 2001 um Lauteraarhorn ëm d'Liewe komm. Hien hat e Grupp geleet a gouf durech e Feeler vun engem anere Member vu sengem Grupp mat an d'Déift gerappt... Wann nach e méi doriwwer weess, kann en dat jo mol hei mellen. --Fliedermaus 17:03, 22. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

An der COSL-Publikatioun Flambeau N° 56 vum Februar 2002 ass op der Säit 66 ze liesen datt de Philippe Perlia den zweete Lëtzebuerger op der Spëtz vum Mount Everest war. Am Artikel iwwer den Eugène Berger goufen déi noutwendeg Ännerunge gemaach--Fliedermaus 10:19, 25. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]