Diskussioun:Eugène Mousset

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ee Gudden! Verstinn ech dat richteg: een Artikel iwwer eng Persoun gehéiert net an d'Kategorie vun der Persoun? --Jwh 22:21, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

'N Owend. Ech fanne schonn, datt den Artikel zu eppes och an där Kategorie soll sinn. Der Fliedermaus hirem Commentaire no wier et gelungen, datt den Numm/d'Kategorie uewen an der nächst'héchster' Kategorie stéing, an net ënne bei deenen aneren 'Elementer'. Mee dat hu mer jo och bei anere Saachen. An um Lay-out selwer, do kënne mer net vill drun änneren. Ech setzen den Ujän mol nees a 'seng' Kategorie dran (mee d'Fliedermaus - wéi all aneren och - dierf natierlech och gär hei hir Meenung schreiwen. Sollten der méi der Meenung sinn, dat soll nees gännert ginnn, wier dat séier gemaach. Mee logesch wier et wéi gesot mMn net...--Zinneke 22:49, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Mir haten eis scho gegréist - hmm, duerch Kategorie:Eugène Mousset ass hie jo automatesch an der Kategorie:Lëtzebuergesch Moler, an dofir hunn ech net verstan wou en do sollt méi besser oder manner gutt wou a wéi och ëmmer sollt gesi ginn. Vläit koum den Duerchernee well ech Kategorie:Gebuer a Gestuerwen och an d'Kategorie:Eugène Mousset gesat hat - dat wor wuel e bësse muttwëlleg, ginn ech gären zou.
Mee lo froen ech mech op et ee Sënn gëtt dass op der Säit Alfred Mousset och d'Kategorie:Lëtzebuergesch Moler nach ass, well déi ass jo schon, an domat duecht ech et richteg ze maachen, an der Kategorie:Eugène Mousset dran.
I got mixed up confusion
Man, it's a-killin' me
(Plagiat vum Dag) --Jwh 00:02, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Meng Meenung dozou:

  • den Numm "Eugène Mousset" soll an der Kategorie "Lëtzebuergesch Moler" stoen, onofhängeg dovun op et eng Ënnerkategorie "Eugène Mousset" gëtt oder net. Dat erlaabt et den Artikel an der Kategorie "Lëtzebuergesch Moler" ze fannen ouni an der Ënnerkategorie ze sichen. Besonnesch fir een deen net mat Wikipedia vertraut ass, vereinfacht dat d'Sich.
  • fir ze verhënneren datt den "Eugène Mousset" esouwuel an der Kategorie "Lëtzebuergesch Moler" an a sénger Ënnerkategorie "André Mousset" obtaucht, soll een en nëmmen an d'Kategorie "Lëtzebuergesch Moler" setzen.
  • fir den "Eugène Mousset" trotzdeem an der Kategorie "Eugène Mousset" erëmzefannen, soll den Numm "Eugène Mousset" - mat Link op den Artikel "Eugène Mousset" - an der Këscht uewe stoen.

--Fliedermaus 09:34, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech menge lo kapéieren ech: dofir d'Säit an der Kategorie:Lëtzebuergesch Moler an och an der Kategorie:Eugène Mousset. Clever! --Jwh 10:28, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Sou wäit wéi ech gesinn, an an Erënnerung hunn ass dat hei bis elo déi eenzeg Kategorie wou dat esou gehandhaabt gëtt. Ech fannen datt an all Kategorie soll däitlech drop higewise ginn datt et dozou en Haaptartikel gëtt, an dofir gouf och eng Kéier eng extra Schabloun gemaach. Et ass d'Schabloun {{Catmore}}, déi einfach nëmmen esou brauch ageschriwwen ze ginn. An deem Fall eriwwregt sech en duebel Kategoriesatioun am Artikel wou en natierlech mMn op jiddwerfall soll ënner de lëtzebuergesche Moler kategoriséiert sinn. Et ass nach ëmmer besser eppes an zwou Kategorië stoen ze hunn, soulaang wéi et dohinner passt, wéi eng z'éliminéieren, och wann dat vläicht op den éischte Bléck net sou wichteg schéngt, datt et och do soll opfalen. D'Plaz op der Wiki ass jo net limitéiert. Les Meloures 10:59, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]