Diskussioun:Fiels

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"De Franz vun Assisi" Soll dat eng Statu sinn? Daqnn hätte mer deeër awer sécher nach e puer am Land. Oder ass dat hei eppes Extraes? --Cornischong 11:49, 10 Januar 2006 (UTC)

Et gëtt vermut[Quelltext änneren]

"Warscheinlech gouf et schonns zur Réimerzeit Liewen hei am Eck. Bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fond. Et gëtt vermut, dass d´Réimer op der Plaz vun der heiteger Buerg e Kastell haten. Den Huelewee kéint duerchaus e Réimerwee gewiescht sinn."
"Warscheinlech" - ".. gouf eng réimesch Mënz fond .." - "Et gëtt vermut" - "kéint duerchaus .. gewiescht sinn": Mat esouvill Gemengs ouni awer och nëmmen den Hauch vun engem Schäin vu Bewäis, sinn ech der Meenung, mer sollen deen Abschnitt mol an de Lokus zappen. --Cornischong 23:10, 1 Mee 2006 (UTC)

Ass entsuergt. --Cornischong 00:13, 2 Mee 2006 (UTC)

Dozou muss ech awer soen, dass bei esou Saachen Historiker an Archäologen meeschtens nëmme vermudde kënnen. Well schrëftlech Dokumenter aus deeër Zäit gëtt et meeschtens net. Sou kann een nëmme "mengen", dass op Grond vun 30 Mënzen an 300 Tounschiewelen do eng réimesch Siedlung war. --Briséisβρισεισ 08:03, 2 Mee 2006 (UTC)

Aus enger Méck ...[Quelltext änneren]

Am Text stoung "".. gouf eng réimesch Mënz fond .."; lo sinn et " 30 Mënzen an 300 Tounschiewelen". A kee seet mer, wien dat mengt, wat fonnt gouf a besonnesch wien dat wou geschriwwen huet. --Cornischong 13:18, 2 Mee 2006 (UTC)

...ech wollt domat just soen dass bei ville Saachen d'Historiker nëmme "menge" kënnen, (ech wees perséinlech éierlech gesot net, ausser bei de ganz grousse bekannte Saachen, ween do alles am Dreck gewullt huet), dat si vill Leit u klenge "net sou bedeitende Projetën" wann een dat sou wëll ausdrécken, well d'Geschichtlerwelt spréngt net am Quadrat wann erëm iergendwou a Westeuropa Spuere vun enger réimescher Siedlung fonnt ginn, dat geschitt all Dag, a well souwisou gewosst ass, dass d'Réimer an der Géigend waren, ass et eng Fro vun der Zäit bis all Jenni a Menni a sengem Gaart eng Mënz oder eng Tounschiewel fënnt. Genausouwéineg kommen déi Chercheuren, déi an iergendenger klenger Uertschaft esoueppes fannen op Plaz 1 vun den Zeitungen, dofir ass et net bedeitend genuch, et ass héchstens interessant fir d'Leit aus der Géigend, mee dräi Dierfer méi wäit intresséiert et scho kee méi. Ween dann elo genee behaapt huet "do läit eng Mënz" wees ech net, an den JCH, den dat fir d'éischt an den Artikel geschriwwen huet wuel och net. Ech ka mer awer gudd virstellen dass ee soueppes bei der Buerg kann nofroen. Mee do sëtzen ech grad zimmlech wäit ewech dervunner. --Briséisβρισεισ 14:04, 2 Mee 2006 (UTC)