Diskussioun:François Auguste Tinant

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

Ech liesen,

Zu Beggen, Stad Lëtzebuerg, dréit eng Strooss dem Tinant säin Numm (leider mat engem falschen zweete Virnumm, François Sébastien Tinant).

Wouhir wesse mer datt dat mat engem falschen zweete Virnumm ass.

Et kéint jo och de François Sébastien de Tinant gemengt sinn, an den de ass vergiess ginn.

Kann een do eng Quell kréie wou dat hierkënnt Les Meloures 14:55, 19 September 2007 (UTC)

Dem F. A. Tinant säi Buch vun 1836 hunn ech viru mir leien, mat sénge Virnimm bannendrann. Dee vu Beggen ass de selwechten, um Stroosseschëld steet BOTANISTE oder esou änlech. Ech fuere kucken fir dat ze préifen. Et gëtt keen aneren Botaniker Tinant. Ech mengen ze wëssen, datt et och eng Quell (en Artikel gëtt) zu deem falsche Virnumm um Stroosseschëld, ech sichen derno. Cayambe 18:53, 3 Oktober 2007 (UTC)

Moien
Wann de Botaniste um Stroosseschëlt steet, wäert dat da schonns esou sinn. Du muss awer net extra op Begge fueren. Wann s' de trotzdeem bei Geleeënheet do laanscht fierst an du hues eng Knipsdous bei der, da wier eng Photo fir an d'Wiki natierlech intressant. Les Meloures 20:03, 3 Oktober 2007 (UTC)

Gudde Nowent,
Um Stroosseschëlt zu Beggen steet:
François Sébastien
TINANT
Botaniste luxembourgeois
1803-1853
Eindeuteg also eise Mann.
D'Geschicht vun de Virnimm vum Tinant ass kuriéis, online no ze liesen bei Reichling 1987.
Um acte de naissance vun 1803: François Sébastien.
Um Registre de recensement vun 1821: François Aug. Séb.
Op senger Flore vun 1836: F.A.
Um Stroosseschëlt vun 1936: Frédéric Antoine Tinant :-)
Op Bedreiwen hi vum Comité vun der SNL gouf dunn d'Schëlt duerch daat heitegt ersaat. Source: Reichling 1987. Konklusioun: dat heitegt Stroosseschëlt huet net ganz onrecht. Ech hun d'Säit 'verbessert' no dësen Donnéën. Bei Gelegenheet fueren ech zréck op Beggen, am Daag, fir d'Schëlt ze knipsen. Cayambe 20:37, 3 Oktober 2007 (UTC)