Diskussioun:Françoise Hetto

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Françoise Hetto-Gaasch ... ": Do hu mer e Problem: Wann d'Fra als Françoise Hetto op d'Welt koum, heescht se och esou, da bleift d'Fro, wouhir den Numm Gaasch kënnt. Wa se awer, an deeër Fäll si jo lästeg vill bekannt, de Familljennumm vun hirem Mann virun hiren eegene setzt, kréie mer "lëtzebuergesch Nimm-Verhältnësser". Klärt mech op. --Cornischong 11:00, 30 September 2007 (UTC)


Am Luxlex gëtt se ënner Françoise Hetto gefouert (geb. Gaasch). Bei RTL ass se ëmmer ënner dem Numm Françoise Hetto ernimmt ginn. Op der Deputéierte-Lëscht ass si d'Françoise Hetto-Gaasch.
an dësem Fall kéint ee sech et einfach maachen a se ënner hirem Meederches-Numm féieren mat engem Redirekt.
Wéi maache mer mat dem Lemma Frantz Funck-Brentano an deenen aneren aus deeër Famill déi op der Gemeng vu Schëtter offiziell als Funck agedroe sinn. (Ech hun ee Gebuertsschäin hei leien). Les Meloures 11:29, 30 September 2007 (UTC)