Diskussioun:Frontalier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hu keng Ahnung. Eis däitsch Noperen hunn dësen Artikel och nach net kategoriséiert, sou datt ech mer mol keng Iddi ka klaue goen :-)

Virschléi ?

--Briséis 22:51, 21 Dec 2004 (UTC)


Wi wier et mat Wirtschaft ? Wier menger Meenung no dat logeschstent. Datt et e gesellschaftleche Phenomeen ass, zumindest zu Lëtzebuerg, kann een, géif ech mol soen, relativ schwéier bestreiden. Also misst et wuel eppes an enger vun deenen zwou Richtunge sinn. --Karlthegreat 22:49, 22 Dec 2004 (UTC)

"E Frontalier (oder Grenzgänger) ass eng Persoun, déi an engem anere Land schafft, wéi se wunnt" As et net éischter "eng Persoun déi an engem vun de Nopëschlänner schafft wéi an deem wou se wunnt"? Myriam 13:32, 23 September 2005 (UTC)

Jeen. wann en an "engem vun de Nopëschlänner schafft", dann ass et jo schonns en "anert". Mam Schluss vum Saz huet d'Myriam allerdéngs komplett Recht! Cornischongsversioun: "eng Persoun déi an engem anere Land schafft, wéi an deem wou se wunnt"? Kënne mer eis dorops eenegen  :-) ? Wa jo, da kanns d'et roueg änneren. --Cornischong 13:49, 23 September 2005 (UTC)

"eng Persoun, déi am Nopeschland schafft, vun deem, wou se wunnt." : Den Deel "schafft, vun deem, wou se wunnt" geet bei mär net eraf. Ech kréien hei gesot: "... déi eng Grenz muss passéieren, fir op hir Aarbecht ze kommen". Eigentlech wéinegstens eng. :-) --Cornischong 14:52, 23 September 2005 (UTC)

Fir mech wier déi läscht Versioun mat der Grenz OK (iwwregens hat ech selwer Problemer mat ménger Formuléierung). Wéi as et dann mat deene Leit déi fir eng bestëmmten Zäit op enger Missioun zB an der Schwäiz schaffen an de Weekend heem kommen? Sin dat dann och Frontalieren? Ech géif menge net, oder? Eigentlech war mer bis elo de Begrëff Frontalier ëmmer kloër, mee lo sin ech mer selwer net méi secher. Myriam 15:16, 23 September 2005 (UTC)

"Missioun"[Quelltext änneren]

du méchs d'saach awer och komplizéiert;-) ech mengen,déi relevant critère si: stännege wunnsëtz (résidence principale) an engem land an aarbéchtsplaz (am sënn vu "lieu du travail") an engem aneren. déi eng bestëmmt, wou ee seng steieren declaréiert, deen aneren, wou ee sozialofgawe mécht (pensiounskees, krankekees, asw.). bei deer ernimmter missioun hänkt et warscheinlech of, wéi laang déi dauert, op de patron nach ëmmer deen an deem land ass, wou een hirkënnt (d.h. zu lëtzebuerg, an net an der schwäiz, fir bei dengem beispill ze bleiwen). an een element, wat mer nach net opgezielt hunn, ass, d'regelméissegt (deeglecht?) hin- an hirpendelen. Z.

"an een element, wat mer nach net opgezielt hunn, ass, d'regelméissegt (deeglecht?) hin- an hirpendelen." Do as dach mol eppes deem ech géif zoustëmmen, also einfach gesot: ee Frontalier as een deen all Dag vun séngem Wunnsëtz an d'Ausland schaffe geet. A bei deem ganze legalen a steierleche "Gedéngels" hun ech éierlech gesot souwisou keen Duerchbléck. Sorry fir den Duergerneen (wéi schreift een dat eigentlech?). Myriam 22:19, 23 September 2005 (UTC)