Diskussioun:Gäilech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fro un eis Sproochmatesse met de lëtzebuergesche Nimm

Huet Gouvy kee lëtzebuergesche Numm oder wësse mer just net Les Meloures 00:08, 9 Januar 2007 (UTC)

Entweder mer maachen déi Saach mat de lëtzebuergeschen Nimm korrekt an am Fong oder guer net.

Ech gesinn do keng Alternativ Les Meloures 00:10, 9 Januar 2007 (UTC)

Ma selbstverständlech huet "Gouvy" e lëtzebuergeschen Numm!!! Mengem Noper säin Hond weess en op alle Fall, well dee war do vun engem Auto ugestouss ginn. "Gäilech" --Cornischong 00:35, 9 Januar 2007 (UTC)

Merci fir d'Info gëtt geréckelt Les Meloures 00:46, 9 Januar 2007 (UTC)

Mee, wat maache mer mat Bouillon (vläicht heescht dat "Britt"?), Erezée, Léglise (do ass et natierlech ganz einfach "dKierch"), Marche-en-Famenne (dat gëtt komplizéiert), Tintigny (a, do sinn ech drop gespaant) a Vaux-sur-Sûre. A grad haut ass de Fachmann net z'erreechen!!! --Cornischong 00:48, 9 Januar 2007 (UTC)

Ech stelle just fest datt eis Fachleit déi sech esou fir déi lëtzbuergesch Nimm am Ausland asetzen sech awer weider net derfir intresséieren fir Artikelen dervun ze maachen. Dat ass traureg. Les Meloures 00:55, 9 Januar 2007 (UTC)

Dat ass net traureg, dat ass dach logesch. Mär hunn zwou Zorte Säiten: Déi eng, dat sinn d'Artikelsäiten; dat ass fir déi, déi Artikele schreiwen. Déi aner heeschen Talk-Säiten. --Cornischong 01:08, 9 Januar 2007 (UTC)


Ier mer elo komplett hei déconnéieren: Kinnt de Cornischong wegl. sengem Noper säin Hond froen, eng (1) schrëftlech Quell unzeginn, wou deen Numm documentéiert ass? --Zinneke 09:45, 9 Januar 2007 (UTC)


Fichier:Gäilech LW II15.jpg
Gäilech am Luxembuerg Wörterbuch Band II Säit 15

Hei ass et. De Wauwi huet mer nach e Scan matginn. Sou lo kënne mer déconnéieren. --Cornischong 10:01, 9 Januar 2007 (UTC)

Etymologie vum Uertsnumm Gäilech[Quelltext änneren]

Bonjour!

Op der heiten Internetsäit hunn ech mech äusféierlech mat der Etymologie vum Uertsnumm Gäilech beschäftegt:

http://exonyme.bplaced.net/Board/Thread-Familienname-Origer-und-Toponym-Oury?highlight=Gouvy

Dierft ech den zoustännegen Autor vum lëtzebuergesche Wikipedia-Artikel bieden, dës Informatioun bäizemaachen?

Cristian Kollmann