Diskussioun:Gëtschel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Eng Stalldier mat Hierzel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie. Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Moien

Ech wollt dat heiten nach an den Artikel setzen, mee wéi ech gesinn hat een d'Nues vir.

Den Hierzel ass eng kleng Lued déi an engem Flillek vun der Dier op Broschhéicht ubruecht ass, fir datt ee Saache kann eraus- an eranhuelen ouni dofir missen déi ganz Paart opzemaachen. Wann den Hierzel net sonner ubruecht ass, ass meeschtens d'Dier déi nach an der Paart mat agebaut ass, an zwee gedeelt, an den iweschten Deel dee sech sonner opmaache kann iwwerhëllt dann d'Roll vum Hierzel, a gëtt dann och esou genannt.

Mee wat soll et Les Meloures 22:03, 11. Abr 2008 (UTC)

" hat een d'Nues vir.": Tjo, sou ass dat hei an der Wiki. Wann dat Wuert "Skizz" oder, nach méi schlëmm, "iwwerschaffen" bis iwwer engem Artikel steet, dann ass kee méi ze halen. Net kräischen. Am Lach geet nach vill dran. --Cornischong 23:11, 11. Abr 2008 (UTC)


O fréck, jo du hues nawell Recht dat hat ech jo komplett vergiess. Ech sinn awer duerfir haut emol en Hierzel opdreiwe gaangen, zwar nëmmen een an enger Stalldier, mee et ass alt dat.
Ech hunn anengems op ongeféier zwanzeg Häff doruechter stallgehal, fir mech no engem Fierkelsaarm ze renseignéieren, fir kënnen eventuell eng Foto ze maachen. Et huet nach just een ale Bauer den Audrock vum Héiersoe kannt, konnt mer awer net soen watereen Deel um Heewon dat sollt gewiescht sinn. Do schénge mer da vir bäi an hannewidder ze sinn. Les Meloures 15:47, 12. Abr 2008 (UTC)