Diskussioun:Gare

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel ka geläscht ginn. Et gëtt e nach eng Kéier ënnert dem Titel "Gare (Stad Lëtzebuerg)". -- Pecalux 08:17, 18 Abrëll 2006 (UTC)

Nët läschen definéiern[Quelltext änneren]

Ech giff en net läschen, mee eng allgemeng Definitioun dohischreiwen (am beschte vun engem, dee sech mat der Eisebunn auskennt) wat genee eng Gare ass (Beispill: "Eng Gare ass eng Plaz an d'Infrastruktur ronderem, op deer offiziell Zich stallhalen. Mat 'Gare' gemengt ass och dacks d'Gebai nobäi. Et gi Persounegare, Marchandisegaren, Formatiounsgaren, ...") (vum 158.169.131.14)

Firwat net op der Artike-Säit domat weiderfueren? freet sech de --Cornischong 10:06, 18 Abrëll 2006 (UTC)

An d'Niewegaren?[Quelltext änneren]

"D'Haaptgare vun der Stad Lëtzebuerg" (steet ënner der Foto): - Gëtt et Niewegaren an der Stad Lëtzebuerg? Ass d'Charlysgare eng Gare? Ech fäerten, dat gëtt eng schlëmm komplizéiert Saach. --Cornischong 11:32, 18 Abrëll 2006 (UTC)

Et gëtt komplizéiert - dofir wollt ech och Leit druloossen, déi sech do auskennen. Dat fänkt schon un bei der Definitioun vun enger Gare, engem Arrêt, etc. Zu Hollerech gëtt et, souwäit ech weess, eng Gare, dofir "Haaptgare" fir déi op der Foto. --User:Zinneke

? Eisebunnszuch ?[Quelltext änneren]

Am Artikel geet rieds vun "offiziell Eisebunnszich". Watfir Zich sinn dat? Dësen Term ass mer onbekannt. Sinn domat nëmme Persounenzich geméngt? --Pecalux 17:26, 16 September 2006 (UTC)

Moien. Jo, mer sinn e bësse schlecht dru mat den Artikelen iwwer d'Eisebunn. Mer haten emol een hei, dee sech den Air ginn hat, wéi wann e wéilt matschaffen, mee an de leschte Méint kënnt e just all Woch e Komma réckelen. Bei den offiziellen Zich geet et ëm déi Zich, déi um "Farplang" fir de Public stinn. Dat schléisst zum Beispill Fuermaterial vun der Rott aus. Gär geschitt. --Den Tedektif 18:03, 16 September 2006 (UTC)

Am Artikel steet: "Eng Gare ass eng Plaz an d'Infrastruktur ronderem, op deer offiziell Eisebunnszich stallhalen". Wann daat esou ass, dann sin déi Plaazen, wou Marchandise-Zich asw. halen, zesummegesaat an triéiert gin, deemno keng Garen an dann bräichten déi jo och net am Artikel "Gare" dranzestoen. Hunn ech daat richteg verstaanen? --Pecalux 07:21, 18 September 2006 (UTC)