Diskussioun:Gare Aubange

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Géing et net méi Sënn maachen, wa mer den Artikel ënnert dem lëtzebuergeschen Numm astellen an eng Weiderleedung vum franséischen Numm ob den Lëtzebuergeschen man? --Luxmaster051 06:44, 29. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,
Ech géif et éischter ëmgedréint gesinn. Vu datt vun de belsche Garen der net vill e lëtzebuergeschen Numm hunn, ass et besser mat de franséischen ze fueren, sooss kréie mer vläicht e bësselchen zevill Duercherneen. Dat entsprécht och éischter de Gewunnechten op der Wiki d'Saachen esou ze nennen wéi se bei sech doheem heeschen.
Ech weess och net op et vill Sënn mécht fir déi Kategorie:Infrabel-Garen bäizehalen. Mer maachen äis do Doublonen mat der Kategorie:Garen an der Belsch. Entweder déi eng oder déi aner. Perséinlech ass et mer egal watereng, awer da mussen se all frësch kategoriséiert ginn. Wann sou Kategorien ugeluecht ginn, muss ee sech bewosst sinn, wateree Kouschwanz vun Aarbecht hannendrun hänkt. En plus musse Kategorien héichgeleet ginn, soss hänke se an der Loft. Bei den Infrabel-Gare gouf dat net gemaach. Et kann ee sech net ëmmer drop verlossen datt anerer déi Fläissaarbechte maachen.
Les Meloures 07:26, 29. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]
PS. Fir déi Garen déi ënner lëtzebuergeschen Nimm bekannt sinn, dat si jo praktesch all déi aus der Areler Géigend, kënne mer déi, vu mär aus all op Lëtzebuergesch nennen. Dee Moment soll déi vu Viville dann och an Alenuewen ëmgedeeft ginn. Les Meloures 07:54, 29. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]